
An de leschte Woche si vill nei Bicher erauskomm. Hei ass den zweeten Deel vun eisem Iwwerbléck iwwert déi nei Publikatiounen vun dësem Hierscht, zesummegestallt vum Bea Kneip
.
Kannerbicher, Reesbicher, Romaner, et ass fir all Gout eppes dobäi. Och d’Lyrik kënnt net ze kuerz. Zum Beispill “die Tagebücher der Tannen” vum Guy Helminger, erauskomm an der Edition Rugerup.
An dann “Fjorde": sou heescht den éischte Gedichtband vun engem gewëssen Tomas Bjornstad, engem Norweger den 1984 zu Trondheim gebuer gouf, an den zu Lëtzebuerg lieft a schafft. Schued ass just, dass d’Autorefoto, déi een um Site vum Verlag Guy Binsfeld fënnt, e bësse flou geroden ass, sou dass een sech kee richtegt Bild vum Här Bjornstad maache kann. Oder kéint sech eventuell e ganz aneren Auteur hannert dem Numm verstoppen? Wie weess...
Ähnlechkeete mat liewenden oder verstuerwene Persounen sinn och an “Kleine Luxemburgische Literaturgeschichte” alles anescht wéi zoufälleg. Dem Georges Hausemer säi satiresche Roman koum schonn 1989 ënnert dem Titel “Kleines Luxemburgisches Sittenbild” eraus a gouf vum Auteur kuerz viru sengem Dout nach eng Kéier nei iwwerschafft an aktualiséiert.
Eng aner Neiheet aus dem Verlag Capybarabooks féiert eis an e Land vun dem déi mannsten méi wéi déi gängeg Klicheeë kennen: Den Iran. Mat deene Klicheeën raumt de Guy Helminger, den 2007 am Kader vun engem Austauschprojet do war, dann och grëndlech op. “Die Allee der Zähne” mat Opzeechnungen a Fotoen aus dem Iran, sollt een sech net entgoe loossen.
E ganz anert Reesbuch ass “Kreuz und mehr - Reisen ins Himmelblau und ein Weihnachtsmärchen” aus der Fieder vum Jean Back, dee jo viru kuerzem beim Literaturconcours vum European Prize for Literature ausgezeechent gouf, dat fir säin Text “European clouds”.
A wéi den Zoufall et wollt, gouf et beim Präis vun den Europdeputéierten en ex Aequo, an zwar mat engem anere Lëtzebuerger, dem Gast Groeber. An den huet och en neit Buch erausbruecht, eng Novelle mam Titel “Zweemol schwaarze Kueder”. Zu Walfer krut een et schonn ze kafen, iwwert de Verlag ass et schonn disponibel an et wäert da sécher geschwënn och an de Librairien ze fanne sinn. A wien e bësse virwëtze wëll, ka sech elo schonn de Buchtrailer op der Facebook-Säit vum Verlag “Op der Lay” ukucken.
Ann dann nach zwee Titelen déi een sech notéiere kann “A la recherche du rien perdu” mam Ënnertitel “Confessions d’un nihiliste” ass dee sechste Roman vum Claude Schmit, erauskomm bei den éditions Phi. A “Wootleche Krich” dat 400 Säite staarkt Wierk vum Jemp Hoscheit, dat am Esch vun de 1960er Jore spillt, erauskomm bei den éditions Guy Binsfeld.
Eng kleng Selektioun also vun den Neiheeten um Lëtzebuerger Bichermaart, déi mer Iech dann am Laf vun den nächste Wochen méi am Detail virstelle wäerten.