Buch vun der Woch"Wenn Martha tanzt" vum Tom Saller

RTL Lëtzebuerg
© List Verlag

Eist Buch vun der Woch erzielt d’Geschicht vun enger jonker Fra, déi an den 20er Joren op Weimar geet, fir do hirer Visioun vu Konscht nozegoen. Si studéiert op der Bauhaus-Universitéit an duerchlieft emouvant Joren, bis d’Nazien d’Kontroll iwwert d’Stad, d’Uni an dem Martha säi Liewe kréien. Op der Flucht verléiert sech dann iergendwann seng Spuer, bis Joerzéngte méi spéit en ganz besonnescht Buch opdaucht Tiffany Saska

.

De jonke Germanistikstudent Thomas fënnt duerch Zoufall en Notizblock bei sech doheem. Et handelt sech dobäi ëm Schrëfte vu senger Urgroussmamm Martha. Mä et sinn net ganz normal Memoiren, mä eng ganz wichteg zäitgeschichtlech Dokumentatioun iwwer eng nei Zäit zu Weimar. Texter, an deenen och grouss Kënschtler wéi de Paul Klee oder de Wassily Kandinsky mat hiren Zeechnunge veréiwegt sinn. Et handelt sech also ëm en Notizheft vun onschätzbarem Wäert. Dëst gëtt dann och zu New York bei Sotheby’s fir eng impressionnant Zomm verkaaft. De Keefer, deen anonym wëllt bleiwen, hëlt awer direkt nom Kaf Kontakt zum Thomas op, an dëst ass de Startschoss fir eng spannend Zäitrees.

Am Buch “Wenn Martha tanzt” ginn an de Kapitelen ofwiesselnd zwou Geschichte parallel erzielt. Déi vum Thomas an déi vu senger Urgroussbomi Martha. Si gëtt 1900 zu Pommern gebuer a kënnt duerch hire Papp, dee Kapellmeister ass, fréi mat der Musek a Beréierung. Schnell gëtt awer dem Martha säin Talent fir d’Konscht entdeckt, esou datt hatt op Weimar geet, fir op der Bauhaus-Universitéit ze studéieren. Déi jonk Fra, déi vill Joren experimentéiert, fënnt schliisslech am Ausdrocksdanz eng Méiglechkeet, hir Gefiller auszedrécken. An och hir grouss Léift Ella, och wann se sech deem net bewosst ass, léiert hatt zu Weimar kennen. D’Nationalsozialiste maachen sech awer a ganz Däitschland breet an och zu Weimar, soudatt d‘Martha nees an d’Heemecht flücht. Am Gepäck huet hatt allerdéngs e Kand.

Et ass dem Tom Saller säin éischte Roman an hien hat ganz kloer Virstellungen: eng weiblech Haaptroll, d’Perspektiv vun engem Kand, d‘Thema Musek an d’Geschicht vum Bauhaus. Besonnesch spannend ass fir hien déi Entwécklung, déi d’Bauhaus-Universitéit Weimar geholl huet, well vill jonk Leit dohi komm sinn a géint de Wëlle vum bekannten Direkter Walter Gropius hir Konscht, hir Ideen, hir Sexualitéit, je hir Fräiheet ausgelieft hunn. A jo et ass em gelongen, all des Themen zesummenzebréngen an en immens flott Buch ze schreiwen. Grouss Preparatioune goufen et allerdéngs keng. Mat deene verschiddenen Iddien am Kapp huet sech d’Buch bal vum selwen geschriwwen, wéi hien selwer seet.

D’Haaptfigur Martha ass dann och guer net zoufälleg erausgesicht, ma dem Tom Saller seng Groussmamm heescht Martha, ass a Pommern gebuer an opgewuess a koum aus enger Musekerfamill. An och weider Elementer maachen däitlech, datt d’Biografie vum Schrëftsteller senger Famill ganz enk mam Buch verbonnen ass.

Duerch déi Zäitspréng, déi tëscht de Kapitelen ëmmer nees gemaach ginn, bleift d’Buch zu all Moment dynamesch, soudatt d’Loscht, weiderzeliesen, net verluer geet. Historesch Fakten aus der Weimarer Republik gi flott opgeschafft an hir Protagoniste lieweg beschriwwen. Et ass awer och e Buch, wat duerch säin Inhalt awer och ganz vill Emotiounen ausléist. Bei mir, deen ech selwer zu Weimar op der Bauhaus-Universitéit studéiert hunn, léist et donieft flott Erënnerungen aus. Mä net nëmmen dowéinst huet mir dëst Buche sou immens gutt gefall. En eenzege Kritikpunkt gëtt et allerdéngs. De Schluss, deen immens iwwerraschend kënnt, ass e bëssen ze vill wäit hiergeholl an hätt och guer net missen sinn. An awer muss ech soen, datt ech laang keen sou e gutt Buch gelies hunn a kann et dowéinst nëmme wäermstes recommandéieren.

“Wenn Martha tanzt” vum Tom Saller ass beim List Verlag erauskomm

Back to Top
CIM LOGO