BicherLies WeltbibliothéikEn Ausfluch an d'Literatur vu Japan

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Jérôme an d'Bea viru kuerzem en Interview mat der Amélie Nothomb gefouert hunn, si si virwëtzeg ginn op d'Literatur vu Japan
© Jérôme Jaminet

Japan ass e grousst Thema an de Bicher vun der Amélie Nothomb, si huet en Deel vun hirer Kandheet do verbruecht. Et ass e Land dat faszinéiert, wéi och de Lëtzebuerger Schrëftsteller Robert Weis bezeie kann. Mat “Retour à Kyoto” an “Yamabushi - la sagesse des montagnes” huet hie schonn zwee Bicher erausbruecht an deenen hie seng Reesen a Japan verschafft. Grond genuch fir de Jérôme an d’Bea fir sech an der neister Episod vun hirem Podcast “BicherLies” mam Land vun der opgoender Sonn ze beschäftegen!

Nodeems de Jérôme an d’Bea viru kuerzem en Interview mat der Amélie Nothomb gefouert hunn, si si virwëtzeg ginn op d’Literatur vu Japan

Back to Top
CIM LOGO