
Eisen Informatiounen no wieren d'Mataarbechter vum Reseau driwwer informéiert ginn, datt si net méi op hir Aarbecht brauchen ze kommen.
Wéi et mat de Patienten, déi Fleeg brauchen, weidergeet ass net gewosst.
Beim Reseau ginn iwwer 300 Leit betreit an et schaffe ronn 50 Mataarbechter bei "Gutt Versuergt". Laut dem Handelsregëster gëtt et "Gutt versuergt" zënter 2016.
Dësen Artikel gëtt am Laf vum Dag aktualiséiert.