Concours Littéraire National 2025Den éischte Präis ass fir d'Roman-Manuskript vum Jhemp Hoscheit

Bea Kneip
Nieft dem Jhemp Hoscheit goufen d'Cathy Clement, de Guy Helminger an d'Maude Blaschette ausgezeechent
De Jhemp Hoscheit virun der Präisiwwerreechung zu Miersch
De Jhemp Hoscheit virun der Präisiwwerreechung zu Miersch
© RTL/Bea Kneip

En Dënschdeg den Owend war am Mierscher Literaturarchiv d’Präisiwwerreechung vum Nationale Literaturconcours 2025. Dëst Joer stoung de Roman am Mëttelpunkt, eng 60 Manuskripter goufen ageschéckt. D’Hallschent dovu waren op Englesch, ausgezeechent goufen awer zwee Wierker op Däitsch an zwee Wierker op Lëtzebuergesch.

Beim Concours Littéraire National ginn onverëffentlecht Manuskripter ënner engem Pseudonym agereecht, de Jury weess also net, wien den Auteur oder d’Autrice ass. Eréischt wann d’Decisioun gefall ass, dierf d’Enveloppe mam Numm opgemaach ginn.

Bei den erwuessenen Auteure waren et dëst Joer ganz bekannten Nimm: Guy Helminger, Cathy Clement a Jhemp Hoscheit. Et gouf awer och e Präis fir eng jonk Autorin: D’Maude Blaschette, 15 Joer jonk, konnt de Jury mam Jugend-Krimi “Silent Screams” iwwerzeegen. Dësen Text ass iwwregens net, wéi ee menge kéint, op Englesch geschriwwen, mä op Däitsch.

D'Maude Blaschette gewënnt den 1.Präis an der Kategorie jonk Auteur(Innen) 12-19 Joer
D’Maude Blaschette gewënnt den 1.Präis an der Kategorie jonk Auteur(Innen) 12-19 Joer
© RTL/Bea Kneip

Den 3.Präis an der Kategorie “Auteurs/Autrices adultes” war fir dem Guy Helminger säi Roman “Elefantenhaut”. Hien ass allerdéngs op der Rees an huet sech per Video-Message aus dem Laos gemellt.

“Neel mat Käpp” sou heescht de Roman vum Cathy Clement, fir deen si den 2.Präis mat heem huele konnt.

Och den éischte Präis war fir e Roman op Lëtzebuergesch. An d’Zuel 13 ass wuel eng Gléckszuel fir de Jhemp Hoscheit, well sou dacks ass hie beim nationale Literaturconcours schonn ausgezeechent ginn! “Den Impakt vu Klappentexter”, erzielt d’Geschicht vun engem Wittmann, dee keng traureg Bicher méi liese wëll a sech dowéinst un de Klappentexter orientéiert.

De Jury ënnert der Presidence vum Antoine Pohu huet sech hei virun allem duerch déi déifgrënneg Ausenanersetzung mat den Themen Trauer a Verloscht beandrockt gewisen.
Am Jury vum Literaturconcours waren dëst Joer: Antoine Pohu (Präsident), Sofia Cumming, Sonia Da Silva, Helmuth Sperl a Jil Weiler.

D’Thema vum Concours Littéraire 2026 heescht Poesie. Gedichtbänn op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch kënnen nach bis den 30. Juni 2026 agereecht ginn.

D'Cathy Clemet krut den 2.Präis fir de Roman "Neel mat Käpp"
D’Cathy Clemet krut den 2.Präis fir de Roman “Neel mat Käpp”
© RTL/Bea Kneip

Back to Top
CIM LOGO