Am Alter vun 52 JoerPedagog a Fondamentalsdirekter fir Regioun Osten Joa Baum gestuerwen

Roy Grotz
D'Schoul-Communautéit aus dem Osten ass an déiwem Trauer: Am Alter vun 52 Joer ass de beléifte Regionaldirekter Joa Baum verscheet.
© RTL-Grafik

De passionéierte Pedagog hannerléisst seng Fra an zwee Bouwen.

Wéi et an e sëllegen Annoncë vun senge Frënn a Kolleegen heescht, géif ee mam Joa Baum en engagéierten, empatheschen an ëmmer hëllefsbereete Regionaldirekter verléieren, deem d'Wuel vun de Kanner an Enseignanten ëmmer um Häerz louch.

De Joa Baum war wärend siwe Joer als Schoulmeeschter zu Maacher aktiv, duerno gouf hie Schoulinspekter zu Esch, éier hien 2017 Direkter vum Fondamental fir d'Regioun Osten gouf. Ënnert aneren huet hien och d'Gemeng Biwer beim Plange vun der neier Schoul ënnerstëtzt, d'Regionalekipp am Osten opgebaut a war als Veräinsmënsch zu Maacher beléift a geschat.

De Joa Baum ass no schwéierer Krankheet véier Deeg viru sengem 53. Gebuertsdag, deen e Samschdeg gewiescht wier, verscheet.

Back to Top
CIM LOGO