Anere "Kratos"-Acteur hat sech bei Stunt blesséiert Den Dave Bautista soll d'Roll vum "Kratos" an der "God of War"-Serie iwwerhuelen

RTL Lëtzebuerg
Hie soll de Ryan Hurst ersetzen, dee sech Enn Juni bei engem Stunt e Bizeps gerappt huet an no enger Operatioun fir eng méi laang Zäit ausfält.
© ANGELA WEISS/AFP

Den Dave Bautista steet kuerz virdrun, als "Kratos" an der neier "God of War"-Serie vun Amazon MGM Studios a Sony Pictures Television opzetrieden. Et ass eng Verfilmung vun der Playstation-Serie vun Actionspiller mam nämmlechten Numm.

D'Dréiaarbechte ware wéinst der Blessur vum Acteur Ryan Hurst ënnerbrach ginn, deen eigentlech fir d'Roll virgesi war an och schonn e puer Episode fäerdeg gedréit hat.

© JESSE GRANT/Getty Images via AFP

Den Tournage soll Mëtt Oktober zu Vancouver awer nees ufänken. De Bautista gëllt als ideal Besetzung, well hien duerch seng Zäit als Profi-Wrestler a seng Roll am neie "Highlander"-Film schonn un déi kierperlech usprochsvoll Roll gewinnt ass.

D'Serie erzielt d'Rees vum Kratos a sengem Jong Atreus, déi sech op de Wee maachen, fir d'Äsche vun der Fra a Mamm Faye ze verstreeën. D'Produktioun ass direkt fir zwou Staffele geplangt.

Back to Top
CIM LOGO