All Woch en neien EpisodAn der Animatiounsserie "3, 2, 1, GO!" entdecke fënnef Frënn déi positiv Säite vum Sport

RTL Lëtzebuerg
An all Episod léiere fënnef Teenager eng aner Sportaart an zum Schluss erziele Lëtzebuerger Sportler aus deenen entspriechende Sportaarte vun hiren Erfarungen.
Making Off: "3, 2, 1 – GO! Teamojo"
30 Leit hu méi ewéi zwee Joer un der neier Lëtzebuerger Animatiounsserie geschafft.

Et geet ëm sportlech Erausfuerderungen, Frëndschaft an Teamgeescht: An der Lëtzebuerger Animatiounsserie "3, 2, 1, GO!" ginn déi sportlech Aventurë vu fënnef Teenager erzielt, déi an all Episod eng nei Sportaart entdecken an ausprobéieren. Bei hiren Aventurë léiere si déi positiv Säite vum Sport kenne souwéi Ekippegeescht, Frëndschaft an iwwer sech erausgoen.

Um Enn vun all Folleg erziele sportlech Gäscht vun hiren Erfarungen an de jeeweilege Sportaarten. Am éischten Episod, dee schonn online ass, geet et ëm Badminton. Hei erzielt d'Kim Schmidt, wat hir Kraaft gëtt an deene schwéierste Momenter ni opzeginn.

Entdeckt all Sonndeg en neien Episod op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO