Eppes tëscht Auto a VëloEe "Véli", fir d'Mobilitéit nei ze denken

Maurice Fick
Gilles Hoffmann
RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
E Véli, dat heescht "Véhicule léger intermédiaire". En ass tëscht engem Vëlo an engem Auto ugesidelt an dräi- bis fënnefmol manner schwéier, wéi en normalen Elektroauto.
Eppes tëscht Auto a Vëlo: Ee "Véli", fir d'Mobilitéit nei ze denken
E Véli, dat heescht "Véhicule léger intermédiaire". En ass tëscht engem Vëlo an engem Auto ugesidelt an dräi- bis fënnefmol manner schwéier, wéi en E-Auto.

E Véli dierf op der Strooss an op dem Vëloswee fueren. D'ASBL Äerdschëff aus Réiden op der Atert stellt dëse liichten Tësche-Won de Leit zur Verfügung, net fir en ze verkafen, mee fir se selwer iwwerleeë ze loossen, wat si wierklech u Mobilitéit brauchen.

"Ech maache praktesch keng Efforten. Et ass e Pedalléieren, dat bal am Fräilaf geet, ganz einfach", seet de Jérôme Leplang. Zoustännege fir Technik a Logistik bei der ASBL Äerdschëff. Hien huet déi 30 Kilometer tëscht Réiden an dem Lycée technique du centre an der Stad zréckgeluecht. Dat huet knapps iwwer eng Stonn gedauert. Op der Plaz huet en enger Klass de Projet vun der Associatioun virgestallt a koum dono ouni fossil Energie erëm op säin Ausgangspunkt. Dobäi war hien eleng um Wee, obwuel de Véli och zwee Kanner oder en zweeten Erwuessene fir hannen op der Bänk mathuele kann.

Et wier aktiv Mobilitéit, awer kee Sport, betount de Jérôme Leplang. De Véli hätt sou vill Dréimoment, datt et net méi ustrengt wéi normaalt Goen wier. Duschen nom Ukommen op der Aarbecht wier also net néideg. An d'Prise en main wier fir Leit, déi schonn Auto oder Vëlo fuere kënnen, ganz einfach.

Wat de Véli kann

No dem europäesche Gesetz ass de Véli e Vëlo. "Dat heescht, datt e 25 km/h fiert. E fiert op dem Vëloswee oder op der Strooss", erkläert den Tarik Bouriachi, Direktiounsverantwortleche vun der ASBL Äerdschëff.

Fir hie sinn et zwou Saache, déi de Véli auszeechnen. Éischtens d'Verkleedung, déi virun dem Wieder schützt a méi Sécherheet gëtt. Zweetens de Motor: E klassesche Vëlo mat Elektromotor läit bei ongeféier 80 Newtonmeter, säi Karbike ass siwemol méi staark. Domat kënnen och Steigunge vun 20 oder 30 Grad bal mat Héchstgeschwindegkeet geholl ginn.

Keen Verkaf, mä eng Fro

Wann ee mierkt, wéi iwwerzeegend den Tarik Bouriachi argumentéiert, kéint ee mengen, hie wéilt e Véli verkafen. Dat ass awer net de Fall. Vélien gëtt et schonn a ville Formen. De Karbike gëtt zum Beispill zu Hangenbieten hiergestallt, bei Stroossbuerg.

"Et ass u Bierger an u Stroossebenotzer, déi Mobilitéit brauchen, ze soen, ob et engem Besoin entsprécht oder net", seet den Tarik Bouriachi.

E Karbike virum Äerdschëff-Gebai.
© Maurice Fick / RTL

Eng Dier op fir aner Themen

D'Associatioun zu Réiden encouragéiert ëmweltbewosst Gewunnechten a bitt Formatiounen a Bildungsprojeten un. De Véli ass fir si en Outil, fir Nozedenken. Et geet drëms ze identifizéieren, wou e Véli oder en änleche Gefier nëtzlech ka sinn a Kuelestoff, Geld a Pëtrol spuere kann.

Wien e probéiert, mierkt séier, wat dat mat engem mécht: "Et ass just eng Dier, déi op vill aner Themen opmécht. Et kann een net iwwer e Gefier schwätzen, ouni iwwer d'Strooss, d'Energie, d'Raumplanung an d'ëffentlech Politik ze schwätzen." Fir hir "Recherche-Aktioun" bitt d'ASBL Bierger, Schüler, Betriber a souguer Gemengen un, de Véli auszeprobéieren. Jidderee soll beurteelen, wou en nëtzlech ass a wou manner, wéi eng Grenzen et gëtt a wéi Problemer sech léise loossen.

Intermodalitéit als Perspektiv

E Wee mam Karbike dauert zu Lëtzebuerg am Allgemengen ongeféier sou laang wéi mat de ëffentlechen Transportmëttel. Doraus erginn sech nei Méiglechkeeten. De Responsabele vun der ASBL stellt sech d'Fro, wéi de Karbike sech an eng intermodal Logik era passe kéint: mam Karbike vun doheem op d Gare, mam Zuch weider, an op der Gare mat engem anere Karbike dat leschte Stéck. Niewent Bus, Zuch an Auto kéint de Karbike also Deel vun engem nationalen oder kommunale Mobilitéitsplang ginn.

Fir seng Klimaziler anzehalen, muss Lëtzebuerg souwisou nei Léisunge fannen, fir manner vun de fossillen Energien ofhängeg ze sinn.

Tarik Bouriachi, chargé de direction de l’ASBL Äerdschëff à Redange-sur-Attert
Den Tarik Bouriachi, Direktiounsverantwortleche vun der ASBL Äerdschëff.
© Maurice Fick / RTL

Back to Top
CIM LOGO