RTL Hitmaschinn - Zeréck an d'Zäit1972: The Godfather, EM, Vicky Leandros

Bob Konsbruck
All Sonndeg reest de Radio tëscht 9:00 an 11:00 musikalesch zeréck an d'Zäit.
© AFP Archivbild

„The Godfather“ gëllt haut als ee vun de wichtegste Filmer an der Filmgeschicht. Ënnert der Regie vum Francis Ford Coppola gesäit een an der Haaptroll de Marlon Brando als Don Vito Corleone, de Chef vun enger mächteger Mafia-Famill zu New York.

Am Mëttelpunkt steet awer net nëmmen d’Gewalt, mee virun allem d’Famill, Loyalitéit an d’Muecht. Den Don Vito wëllt säi Geschäft mat Éier féieren, mee säi Jong Michael, gespillt vum Al Pacino, entwéckelt sech lues a lues vum onbedeelegten Outsider zu engem kalbliddege Nofolger. „The Godfather“ ass bekannt fir seng däischter Atmosphär a seng staark Dialoger.

De Film ass och bei de Kritiker gutt ukomm a konnt 3 Oscars gewannen, dorënner „Beschte Film“ a „Beschte Schauspiller“ fir de Marlon Brando.

„The Godfather“ gëllt haut als ee vun de wichtegste Filmer an der Filmgeschicht.

© AFP

Den Tournoi deemools gëllt als ee wichtege Moment an der Fussballgeschicht, ënner anerem wéinst der aussergewéinlecher Leeschtung vun der däitscher Nationalequipe, a well d'EM wärend dem Kale Krich war an Däitschland an der Finall géint d'Sowjetunioun gespillt huet. Nëmme véier Ekippen waren 1972 dobäi: d’Belsch, Ungarn an eben d’UdSSR an Däitschland.

Besonnesch beandrockend war d’Spillweis vun der däitscher Ekipp. Mat Spiller wéi Franz Beckenbauer, Günter Netzer a virun allem Gerd Müller gouf e modernen, offensiven an technesch héichwäertege Fussball gewisen.

An der Halleffinal huet Däitschland d’Belsch mat 2:1 geklappt, duerno dann an der Finall d'Sowjetunioun. Do huet Däitschland sech mat engem kloren 3:0 den Titel geséchert. 2 vun de Goler aus där Finall ginn et op de Kont vum Gerd Müller.

Den Tournoi deemools gëllt als ee wichtege Moment an der Fussballgeschicht.

De Grand-Prix Eurovision de la Chanson dat Joer war zwar net zu Lëtzebuerg, mä de Grand-Duché huet e gewonnen. Mat am ganzen 128 Punkte konnt sech d'Vicky Leandros mat Après toi den Titel sécheren.

Hei um Kierchbierg geet de Palais de Justice, de Sëtz vum europäesche Geriichtshaff, op, dat war och de Startschoss fir den europäesche Quartier hei am Land.

An der nationaler Politik war 1972 den Depart vun der politescher Karriär vum Jacques Santer, deen deemools an d'Regierung komm ass a sech an de Joren duerno bis un d'Spëtzt vun Europa eropgeschafft huet.

Méi modern a Gläichberechtegung; viru 54 Joer trëtt hei zu Lëtzebuerg en neit Gesetz fir bestuete Koppelen a Kraaft an deem dann d'Rechter, awer och d'Flichte gereegelt sinn.

A punkto Sport kann een aus dem Joer 1972 duerchaus ernimmen datt eis deemoleg Fussballnationalequipe mat 2 - 0 géint d'Tierkei gewonnen hat. Dussier a Braun haten an der 14. a 16. Minutt fir d'Rout Léiwe markéiert.

De Grand-Prix Eurovision de la Chanson dat Joer war zwar net zu Lëtzebuerg, mä de Grand-Duché huet e gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO