Liewe mat enger dissoziativer Identitéitsstéierung Wa sech 14 Identitéiten ee Kierper deelen

Julie Thilges
D'Janis lieft mat méi Identitéiten, déi sech hire Kierper deelen. Dëst ass d'Resultat vun engem schlëmme Kandheetstrauma.
Liewe mat enger Dissoziativer Identitéitsstéierung
D'Janis lieft mat méi Identitéiten, déi sech hire Kierper deelen. Dëst ass d'Resultat vun engem schlëmme Kandheetstrauma.

No baussen ass d'Janis eng 18 Joer jonk Fra. D’Janis gëtt et esou awer net. "Mir ginn oft gefrot, wien dann den Original ass. Dat gëtt et am Fong net. Et ass esou, als géif een e Glas huelen a fale loossen. A mir sinn alleguer am Fong d’Janis, mee gläichzäiteg och net."

Si sinn zu méi, dofir schwätzt d'Janis vu sech am Pluriel. Well si sinn e System vun Identitéiten, vu sougenannten Undeeler, déi sech ee Kierper deelen. Fréier gouf dat Multipel Perséinlechkeet genannt, haut seet een dofir dissoziativ Identitéitsstéierung (DIS).

Souwäit si wëssen, si si zu 14, dorënner sinn ënnerschiddlech Geschlechter, si hunn all hiren eegenen Alter, hir eege Charakterzich, hiert eegent Ausgesinn, hir eege Stëmm. Alles bannen am Kierper. Ofwiesselnd steieren dës Undeeler de Kierper, dat heescht, si wiesselen sech of, wie grad vir ass.

Virstelle kann een sech dat esou: De Kierper ass den Auto, an de Chauffer ass deen, dee grad d'Kontroll iwwert de Kierper huet. Da kann et sinn, dass een am Co-Bewosstsinn ass: Am Auto wier dat de Bäifuerer, deen alles matkritt, mam Chauffer ka schwätzen, awer selwer den Auto net steiert. An da ginn et déi op de Sëtzer hannen, déi zum Deel eppes matkréien, an och ënnertenee kënne schwätzen. An et gëtt déi an der Mall, déi vun der Welt baussen näischt matkréien, awer och ënnertenee sech kënnen austauschen.

De Chauffer kann zu all Moment d'Plaz mat engem tauschen, aus verschiddene Grënn. Uum Beispill gëtt de Chauffer midd oder een aneren Undeel wëll no vir. Geschwat gëtt da vun engem Wiessel.

D'Janis ass am Arts et Métiers op der Konschtsektioun. Verschiddener vun hiren Undeeler si méi dacks vir, anerer hunn éischter d'Tendenz, sech net no baussen ze weisen. Well jiddereen huet seng Roll, seng Aufgab: "Munch vun eis këmmere sech haaptsächlech drëms, fir dann d'Schoulaufgaben ze maachen. Munch sinn do, fir sech ëm de Kierper ze këmmeren, well anerer vun eis hunn dann d'Tendenz, dat e bëssen ze vernoléissegen, well se, technesch gesinn, net dofir gemënzt waren. Mir hunn awer och 2, déi hu méi wéi eng Mammeroll. Soss hu mir och déi, déi hu méi d'Roll, eis no baussen ze protegéieren,” erkläert S., ee vun den Undeeler. Hei war Jay mat am Co-Bewosstsinn.

Net jiddereen huet déi selwecht Fäegkeeten. Ee vum Janis hiren Undeeler kann zum Beispill keen Däitsch, ënnert anerem dowéinst kruten si Amenagementer an der Schoul, ee ka keen Auto fueren. Mee grad do géing et net geschéien, dass en Undeel no vir kënnt, deen déi Kompetenz net huet. Well DIS wier e Schutzmechanismus, bei deem d'Gehier duerch eng Traumasituatioun e Wee gesicht huet, de Kierper um Iwwerliewen ze halen.

Wiessel an Trauma

An de meeschte Fäll wier eng DIS d'Resultat vun engem schlëmmen Trauma, dat an der Kandheet erlieft gouf. Wéi d'Gehier an esou Situatioune reagéiert, dat erzielt d'Traumatologin Denise Reding-Jones: "Mënsche maache Saache mat Mënschen, déi kann een sech einfach net virstellen. An da seet d'Gehier, dat do muss ech elo an en Netzwierk fir sech stellen, well soss ginn ech geckeg. Eigentlech kënnt et aus enger absolutter Souffrance eraus, an dann ass et e Mechanismus, deen eigentlech ganz intelligent ass. [...] Et geschitt iwwregens och bei Fraen, och bei Männer, déi vergewaltegt ginn. Déi hunn dann zwar keng DIS, mee déi soen: Ech ka mech nach dorun erënneren an da weess ech näischt méi. Well d'Gehier seet, ech ginn elo an d'Vakanz. ech halen dat do net aus."

D'Psychaterin Denise Reding-Jones schafft mat Leit, déi eng DIS hunn.
D'Traumatologin Denise Reding-Jones schafft mat Leit, déi eng DIS hunn.
© Julie Thilges

Vereinfacht kann ee soen: Bei enger DIS funktionéiert d'Kommunikatioun tëscht de verschiddenen Deeler vum Gehier net, wéi bei enger gesonder Persoun. Dës Kommunikatioun gëtt blockéiert, fir de Kierper ze schützen.

Verschiddener vum Janis sengen Undeeler erënnere sech un den Trauma, zielt S: "Dat war am Alter vu 7, 8 ongeféier. Zu deem Zäitpunkt, wou ech mech kann erënneren. Et war iwwert e puer Méint hinweg sexuelle Mëssbrauch, mee gläichzäiteg de Verloscht vun enger Persoun, déi eis ganz no stoung. Dat heescht, et war e bësse vill openeen. An an deem Alter ass een halt net voll entwéckelt, an doduerch konnt sech eeben DIS entwéckelen."

Déi Undeeler, déi sech un den Trauma erënneren, hunn dacks och Begleeterkrankungen ewéi schwéier Depressiounen an eng posttraumatesch Belaaschtungsstéierung, vun deenen d'Janis mengt, dass déi e Liewe wäerten unhalen.

Eng Heelung fir DIS géing et net ginn. Wat mam Psychiater ausgeschafft gëtt, wier d'Kommunikatioun tëscht den eenzelen Undeeler an och, datt si wëssen, wien alles do ass. An der Therapie ginn och d'Triggeren traitéiert, fir déi ganz Stéierung ze regulariséieren, dass manner dissociéiert gëtt, a manner dacks gewiesselt gëtt.

Un der Kommunikatioun schafft d'Janis nach, do géife si ëmmer no neie Weeër sichen, fir ze funktionéieren. Esou schreift d'Janis sech ëmmer genee op, wéini si zum Beispill eng Prüfung hunn an der Schoul, oder datt si an de Ballet mussen. Soss géing dat vergiess ginn.

Amnesie, Kommunikatioun

All Undeel huet seng Erënnerungen. Wien no vir kënnt, huet d'Erënnerunge vun der leschter Kéier, wou e vir war. Dat kann een Dag, eng Woch, ee Mount hier sinn. Fir direkt ze wëssen, wat entretemps geschitt ass, schreift d'Janis alles op, entweeder digital an engem Gruppenchat, oder an engem Notizbuch.

D'Janis ass bei enger Psychiaterin a Behandlung. "Mir wosste schonn ëmmer, dass do eng net stëmmt," seet S., ee vu sengen Undeeler. Mat 14 haten si probéiert, sech d'Liewen ze huelen, a koumen doropshi bei ee Psychiater. "An hie sot: Jo, do ass eppes, definitiv. Mee hie gesäit elo net e Grond, fir méi genau drop anzegoen. Mir hunn eis richteg futti gefillt. Jorelaang hu mir no eppes gesicht fir dat ze benennen. Et huet einfach wéi gedoen. Fir da vun engem Professionelle gesot ze kréien, et ass net wichteg. Mee fir eis war et wichteg."

Dem Janis seng Identitéite schaffen drun, besser matenee kënnen ze kommunizéieren.
Dem Janis seng Identitéite schaffen drun, besser matenee kënnen ze kommunizéieren.
© Julie Thilges

Generell géinge Leit mat DIS net iwwert hir Stéierung schwätzen, esou d'Denise Reding-Jones, aus Angscht als 'crazy', also verréckt, ofgestempelt ze ginn. Virun allem duerch méi dramatesch Duerstellungen an Hollywood-Filmer wiere vill Virurteeler do: "Mir goufen och scho gefrot, ob dann ee vun eis béis ass, oder anere wéilt wéidoen," esou S. Dowéinst wéilten si sensibiliséieren, fir dass aner Betraffener keng Angscht hu virun der Diagnos, an och wëssen, datt si net eleng sinn.

Kierperlech Aspekter

Nieft de mentalen, psycheschen Aspekter bréngt eng DIS och eng Partie kierperlech Changementer mat sech.

Verschidden Undeeler hunn Allergien, déi anerer net hunn, verschiddener brauchen e Brëll, anerer net. Jiddereen huet seng eegen Handschrëft. "An dat ass alles neurologesch erkläert, well si ginn an déi Verschidden. De ganze Kierper geet an neurologesch Netzwierker, wou eeben déi Realitéiten, déi eeben an deem Netzwierk wouer sinn, da sech och wouer maachen", erkläert d'Denise Reding-Jones. Si hätt scho Patiente gehat, déi wiere komplett blann gewiescht, an dann erëm net. Anerer wieren an d'Praxis getrëppelt komm, eng aner Kéier wieren se am Rollstull gewiescht, well si da geläämt waren.

Ongeféier ee Prozent vun der Weltbevëlkerung wier vun eng Dissoziativer Identitéitsstéierung betraff. Eng Diagnos, déi och nach bei ville Professionellen ëmstridden ass.

De Magazin Talk mam Dr. Marc Graas a mat der RTL-Journalistin Julie Thilges
Nom Reportage iwwer "Dissoziativ Identitéitsstéierungen"

Back to Top
CIM LOGO