An engem Hotel zu BerlinDe bayresche Wirtschaftsminister Hubert Aiwanger ass onerwaart gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De bayresche Wirtschaftsminister a Vize-Ministerpresident krut nëmme 55 Joer a gouf Medien no dout an engem Hotel zu Berlin fonnt. D'Police an de Parquet ermëttelen.
© PETER KNEFFEL/dpa Picture-Alliance via AFP

Wéi däitsch Medie mellen, ass de bayresche Wirtschaftsminister Hubert Aiwanger am Alter vun nëmme 55 Joer gestuerwen. Dat confirméieren héichrangeg Quellen aus der bayrescher Regierung.

Wéi et ënnert anerem säitens BILD heescht, soll de Minister a Chef vun de "Freien Wähler" a Bayern dout an engem Hotel zu Berlin fonnt gi sinn.

Ënnert anerem NTV mellt, dass den Hubert Aiwanger aus gesondheetleche Grënn bei der Ouverture vun engem Büro vun de "Freien Wähler" zu Berlin gefeelt hätt. Hie soll sech och ofgemellt hunn, well hie sech net gutt gespiert hätt. Spéider du gouf d'Läich vum Parteichef entdeckt.

De Parquet an d'Berliner Police ermëttelt dann och elo an deem Fall, fir auszeschléissen, dass Friemverschëlden beim Doud vum Aiwanger am Spill war.

Back to Top
CIM LOGO