
1984, dat ass och d’Joer vum George Orwell sengem “Big Brother”. Fir d’Firma Apple war dat den Ophänker fir eng Publicitéitscampagne. Zwee Deeg är de “Macintosh” erauskënnt weist d’Computerfirma beim Super Bowl e Spot, deen éischter un e Science Fiction Film erënnert. Eng anonym Mass sëtzt virun enger riiseger Leinwand a lauschtert engem totalitäre Leader no. Bis: eng jonk Fra an de Sall gelaf kënnt an en Hummer an d’Leinwand gehäit. D’Iddi hannendrun: 1984 gëtt net eng Dystopie, wéi vum George Orwell 1949 geschriwwen hat. De Géigenentworf kënnt vun Apple. De Spot vun Apple an der Publicitéitsagence “TBWA” gouf e puermol ausgezeechent a gëlt bis haut als Meilesteen an der Branche. De Computer ëm deen et geet, den éischte “Macintosh”, setzt op eng grafesch Benotzeruewerfläch, déi mat menger Maus manipuléiert gëtt. Haut selbstverständlech, deemools war d’Iddi, datt Computere net nëmmen eppes solle si fir Technik Nerds, me och fir normal Leit, nei.
1984, dat ass och d’Joer vum George Orwell sengem “Big Brother”.
Véier, soe mer mol – onkonventionell – Wëssenschaftler, kämfe géint Geeschter, maachen aus dem Lidd “Ghostbusters” e Kult-Hit, an inspiréiere bis haut Fues- an Halloweenkostümer.
Da kënnt ee 1984 natierlech och net laanscht “The Terminator”. Den Arnold Schwarzenegger, deen zwee Joer virdrun als “Conan der Barbar” grouss eraus komm war, kënnt elo als Maschinn aus der Zukunft zeréck op de groussen Ecran. An “Terminator” spillt de Realisateur James Cameron mat der Iddi, datt d’kënschtlech Intelligenz “Skynet” sech op eemol selbststänneg mécht a sech géint d’Mënschheet riicht. Ma 1984 hat als Kinosjoer nach vill méi ze bidden: “Beverly Hills Cop”, “Karate Kid”, “Gremlins”, “Amadeus”, an natierlech dem Wolfgang Petersen seng Verfilmung vum Michael Ende sengem Buch “Die unendliche Geschichte”. Bemierkenswäert ass datt alleguerten dës Produktioune net nëmmen am Joer 1984 grouss Ënnerhalung op de groussen Ecran bruecht hunn, mee sech och nohalteg an eiser Popkultur agebiergert hunn.
Véier, soe mer mol – onkonventionell – Wëssenschaftler, kämfe géint Geeschter, maachen aus dem Lidd “Ghostbusters” e Kult-Hit..
D’ Museker Bob Geldof a Midge Ure si 1984 schockéiert iwwer d’Hongersnout an Äthiopyen an denke sech: do muss een dach iergendeppes kënne maachen. Séier gi Neel mat Käpp gemaach. Dem Bob an dem Midge hir Iddi ass u sech einfach: si invitéieren Top Stars an de Studio fir zesummen e Song opzehuelen, den Erleis gëtt géint d’Hongersnout gespend.
Och Museker, déi sech privat net esou gutt kënne leiden, maachen zesumme Musek fir de gudden Zweck. Zil war et, eng bis annerhallef Millioun brittesch Pond ze sammelen. Scho kuerz no der Verëffentlechung vun “Do they know it’s Christmas” waren et ronn 8 Millioune Pond.
D’ Museker Bob Geldof a Midge Ure si 1984 schockéiert iwwer d’Hongersnout an Äthiopyen an denke sech: do muss een dach iergendeppes kënne maachen.