Am TaktBuffalo C. Wayne

Bob Konsbruck
Mat Dust & Gasoline bréngt de Büffel déi lescht Lidder aus der Corona-Zäit eraus.
© RTL Grafik

Ob elo Claude Weber, Büffel oder Buffalo C. Wayne; wann et ëm Americana vun engem Lëtzebuerger geet, kënnt een net laanscht hien. Wärend Covid huet de Büffel wäit iwwer 100 Lidder geschriwwen an elo an de Joren no der Pandemie déi lues a lues opgeschafft.

© Buffalo C Wayne

Mat Dust & Gasoline kënnt den 18. September de 4. a leschten Deel vun deene Lidder eraus. Am Interview schwäermt de Buffalo C. Wayne vun de grousse Prairien an de States awer och vun der Aarbecht vum Tom Gatti an den Unison Studioen.

An hei nach d'Playlist vun dësem Episod:

Back to Top
CIM LOGO