Johannes Oerding an den James Morrisson heeschen d'Headliner vun der Editioun 2026 vum "Echterlive Festival". Den Optakt e Freideg mécht d'Deluxe Night mat Lëtzebuerger Artisten. Et wier ee frou, datt de Festival esou zanter 2022 gewuess wier, esou de Maxime Bender, Direkter vum Iechternacher Trifolion, deen de Festival organiséiert.
Alleguerten d'Informatioune ginn et op Echterlive.lu.