Zu Clierf1. Editioun vum Prix de la Photographie

Sandy Elsen
Zil ass et d'Lëtzebuerger Fotografen an hirem Schafen ze ënnerstëtzen an d'Konscht- an d'Kulturlandschaft vun der Nordregioun ze beräicheren.
1. Editioun vum Prix de la Photographie
Zil ass et d’Lëtzebuerger Fotografen an hirem Schafen ze ënnerstëtzen an d’Konscht- an d’Kulturlandschaft vun der Nordregioun ze beräicheren.

Dat ass de But vum “Prix de la Photographie – Clervaux Cité de l’image”. De 6. Oktober gouf dëse Präis, eng Initiativ vun der Gemeng Clierf an dem “Cercle Artistique du Luxembourg”, eng éischte Kéier verginn. Am Pavillon vum Hall Polyvalent zu Clierf, kann een d’Wierker vun de Finalisten entdecken.

48 Kandidature goufe fir deen éischte Prix de la Photographie agereecht. 13 dovunner goufen der vun engem 9-käppege Jury zeréckbehalen.

Dëst sinn: Claude Gérard, Bettina Ghasempoor, Fernande Jourdain, Annemarie Jung, Liz Lambert, Loni Liebermann, Sophie Margue, Bruno Oliveira, Christian Schaack, Marc Schroder, Jeannine Unsen, Thea Weires, Tamara Zorn.

Dëse Präis soll zukünfteg all 2 Joer een zäitgenëssescht fotografescht Wierk auszeechnen an esou d’Konscht vun der Fotografie an der Stad vun de Biller op eng nei Manéier an de Fokus réckelen.

Den Haaptpräis vun dëser éischter Editioun, de Prix du Jury, goung un de Bruno Oliveira fir säi Wierk “Coentro y Cachorros” (“Koriander an Hënn”). Eng Serie aus 24 faarwege Fotoen, déi vun authentesche Renconteren an ongewéinleche Momenter erzielt, déi de Fotograf wärend enger Rees um Cap Vert erlieft hat.

De Prix d’Encouragement goung un d’Fotografin Liz Lambert. An hirem Projet verbënnt si intim Autoportraite mat spontane Momentopname vun alldeeglechen Detailer. Ee Wierk, dat vill Raum fir subjektiv Interpretatioune léisst.

Nach bis den 23. Oktober kann een déi priméiert Wierker, wéi och déi vun deenen 11 anere Finalisten am Pavillon zu Clierf entdecken.

Back to Top
CIM LOGO