Podpurri - Mir schwätze Kultur1 Joer Kuk mam Milla Trausch, Damiano Picci a Serge Tonnar

RTL Lëtzebuerg
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Den 23. Juni 2020, op Nationalfeierdag an nach ëmmer matten dran an der Pandemie, gouf en neie Projet lancéiert, deen de Kënschtler sollt eng Plattform an eng Méiglechkeet ginn, dach nach produzéieren ze kënnen an digital visibel ze bleiwen. Den Numm vum Projet: Kulturkanal fir Lëtzebuerg - kuerz “kuk.lu” Entstanen ass de kuk an der direkter Linn vu “Live aus der Stuff”, d’Initiativ, déi de Kënschtlerkollektiv Maskenada direkt am Lockdown lancéiert hat.

Ee Joer laang gouf elo probéiert a produzéiert: nei Forme sinn entwéckelt ginn, Kënschtler aus diverse Sparten hu sech fir innovativ Projeten zesummegedoen op deels ongewéinleche Plazen. Déi finanziell Ënnerstëtzung fir ee Joer koum vun der Oeuvre Grand-Duchesse Charlotte.

Mam Serge Tonnar, Milla Trausch an Damiani Picci

Wéi geet et der Initiativ kuk.lu haut? Wéi geet et weider? Wat huet sech u Formen entwéckelt? Wat bleift vu Projeten etabléiert a wat zéien déi Responsabel un Erfarungen aus dësem Projet?

Nieft dem Initiateur Serge Tonnar hunn d’Milla Trausch an den Damiano Picci, déi quasi vun Ufank derbäi sinn, dem Christiane Kremer an der Banannefabrik vun hiren Erfarungen an Erliefnësser mat der Technik, mat der Spontaneitéit an de Reaktiounen erzielt, an dat vun der Maus Ketti-Erzielung u bis bei de Kulturkanälli.

Kuk.luPodpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO