
Et ass e Projet gedroe vun der ASBL Feierblumm, dee bewisen huet, datt och am Film vill Motivatioun fir wéineg Budget kann opkommen.
“Den Ënnertitel vum Film ass eis eréischt am Lafe vum Dréi agefall”, erënnert sech de Regisseur vum Film, Sacha Bachim, “well mir eis bewosst gi sinn, datt iwwer 100 Leit quasi benevole mat eis dëse Projet an d’Liewe geruff hunn an dofir esou vill op sech geholl hunn. An de Bësch dréine goen, Iessen organiséieren an och an der Post-Productioun hu mir eis agespaart a Weekender duerchgeschafft.” Eng richteg Odyssee also, déi sech am End sollt bezuelt maachen.
De Film Heemwéi erzielt d’Geschicht vun zwee jonken zwangsrekrutéierte Lëtzebuergeschen Zaldoten, déi sech entscheeden ze desertéieren, fir zeréck an d’Heemescht ze goen. Eng Rees, am Laf vun där de Spectateur net nëmme mat den offensichtleche Konsequenze vum Krich konfrontéiert gëtt, ma och mat deenen ënnerschwellege Säite vun arméierte Konflikter. “Et geet vill ëm Identitéit”, fiert de Sacha Bachim duer, “wie sinn ech, wann ech als Lëtzebuerger eng däitsch Uniform droen? Wou gehéieren ech dann hin, wann ech nees zeréck Heem wëll?”
Méi wäit goung et hei och drëms, déi klassesch Erzielweis vum Krich ze hannerfroen. “Mir zu Lëtzebuerg hu ganz oft d’Tendenz, alles wäiss a schwaarz ze presentéieren. Virun allem eis Roll als Lëtzebuerger definéiere mir gären als eng Opfer- oder Resistenzlerroll”, ënnersträicht de Regisseur, “dobäi ass virun allem ganz vill gro, wann een iwwert Krich schwätzt.” Eng Siichtweis, déi ee kéint un d’Diskussiounen erënneren, déi no der Verëffentlechung vum Rapport Artuso iwwert d’Participatioun vum Grand-Duché béi der Persecutioun vun de Judden ënnert der Nazi-Okkupatioun erënneren.
Ma nieft der Odyssee vun de Protagonisten, war dëse Film, ewéi scho gesot, och a punkto Produktioun eng richteg Aventure, déi virun allem duerch d’Asbl. Feierblumm erméiglecht gouf. Dës setzt sech dofir an, datt jonk Mënschen hir cinematographesch Projet kënnen ëmsetzen - och ouni Budget. “Dat geet vun der Locatioun vu Material bis hin zu Workshoppen a weider Ënnerstëtzungen”, preziséiert de Sacha Bachim, deen och fréiere President vun der Asbl. war.
Zur Féier vun den 10 Joer vun der Sortie vun Heemwéi projezéiert de Ciné Starlight zu Diddeleng dëse Sonden de Film gratis. Ma et kann ee schonn op hirem Site Tickete reservéieren. Weider Informatiounen zu der Asbl. Feierblumm, fannt dir op hirem Site:www.feierblumm.com