
De Pedro Resende ass als Trainer vum FC Déifferdeng 03 zeréckgetrueden. Hie soll e Méindeg als neien Trainer vum belschen Zweetligist Excelsior Virton presentéiert ginn. D'Wort hat dës Nouvelle e Sonndeg de Moien als éischt gemellt. RTL krut den Depart vum Veräin confirméiert.
Fir de Resende ass et net den éischten Depart als Trainer vun Déifferdeng. Hie war am Juli 2021 fir d'éischt bei de Veräi komm, gouf am Oktober 2022 entlooss a koum 2023 zeréck. An den zwou Saisonen duerno huet hie mat Déifferdeng zweemol de Championstitel an eemol d'Coupe de Luxembourg gewonnen. No enger kuerzer Statioun bei Budejovice an der zweeter tschechescher Liga war hien dës Saison eng weider Kéier zeréck op Déifferdeng komm.
Déifferdeng steet an der BGL Ligue den Ament op der zweeter Tabelleplaz, mat engem Punkt Retard op Stroossen. Den nächste Weekend kritt een et an de 1/16-Finalle vun der Coupe mam Champion Biissen ze dinn. Duerno ass eng Paus wéinst de Lännermatcher.