Näischt fir schwaach NervenHorrorfilmer, déi ee muss gesinn hunn

Kyra Feiereisen
Halloween steet virun der Dier an domat ass et nees Zäit fir e gudden Horrorfilm. Hei eng kleng Auswiel aus eiser Redaktioun.

Mir presentéieren iech an dësem Artikel dräi Kategorië mat jeeweils 5 Filmer - an zum Schluss och nach e puer "honorable mentions". Loosst eis gären Är eege Recommandatiounen ënnen am Artikel zoukommen.

Body Horror

Body Horror ass eng Ënnerkategorie, bei där de mënschleche Kierper am Mëttelpunkt steet. Typesch si Mutatiounen, Krankheeten a Verformungen, déi dacks psychologesch Ängschte symboliséieren.

An den 1980er huet sech de Genre duerch nei Spezialeffekter wéi zum Beispill bei The Thing (1982) staark entwéckelt. Fréier als schockéierend a manner wäertvoll ugesinn, ma haut ass Body Horror mat Filmer wéi The Substance (2024) an Titane (2021) beim breede Publikum ukomm.

  • Possession (1981) - Andrej Zulawski

Possession erzielt vun der Koppel Anna a Mark, där hir Bestietnes auserneebrécht. Dobäi gëtt de Film ëmmer méi komesch, intensiv an onbequeem.

  • The Fly (1986) - David Cronenberg

No engem mësslongenen Teleportatiounsexperiment verwandelt sech e Wëssenschaftler am Laf vum Film an eng Méck. Am Mëttelpunkt steet déi kierperlech Verännerung an de Verloscht vun der Mënschlechkeet.

  • Tetsuo: The Iron Man (1989) - Shinya Tsukamoto

E Mann mierkt, datt säi Kierper sech lues a lues a Metall verwandelt. Wat duerno geschitt, ass e chaoteschen Albdram aus Maschinnen, Fleesch a Gewalt.

  • Raw (2016) - Julia Ducournau

A Raw geet et ëm eng jonk Vegetarierin, déi wärend hirem Veterinärsstudium op eemol Loscht op Fleesch kritt. Wat harmlos ufänkt, entwéckelt sech zu enger ëmmer méi extremer Obsessioun déi am Kannibalismus ennt.

  • The Substance (2024) - Coralie Fargeat

E fréien Hollywood-Star entdeckt eng mysteriéis Substanz, mat där si eng méi jonk a perfekt Versioun vu sech selwer erschafe kann. Mee dat Ganzt geréit séier ausser Kontroll. Eng bluddeg Satir iwwer Schéinheetsidealer an den Drock op Fraen an der Entertainment-Industrie.

Slasher

Slasher-Filmer sinn Horror-Filmer an deenen e psychopatheschen, dacks maskéierten Mäerder e Grupp vu Persoune, meeschtens Jugendlecher, eenzel stalkt an ëmbréngt. Filmer wéi Peeping Tom (1960) a Psycho (1960) gëllen als Virreider vum Slasher Genre.

  • Halloween (1978) - John Carpenter

Op Halloween kënnt de Michael Myers, e maskéierte Killer, zeréck a seng Heemechtsstad, nodeems hien aus enger psychiatrescher Klinik geflücht ass. Hie verfollegt dat jonkt Laurie Strode an hir Frëndinnen a verbreet Angscht a Schrecken.

  • Scream (1996) - Wes Craven

An enger klenger Stad terroriséiert e mysteriéise Killer mat enger Geeschtermask eng Grupp Jugendlecher mat grujelegen Telefonsuriff a brutalen Attacken. Wärend ëmmer méi Leit stierwen, stellt sech d'Fro: Wie stécht hannert der Mask, a wem kann een iwwerhaapt nach trauen?

  • The Texas Chainsaw Massacre (1974) - Tobe Hooper

Eng Grupp vu Frënn mécht e Roadtrip duerch Texas a stéisst dobäi op en ofgeleeënt Haus. Wat ufanks wéi en normalen Ausfluch ausgesäit, gëtt séier zu engem Albdram. Si geroden un eng grausam Famill, zu där och de geféierleche Leatherface gehéiert, dee seng Affer mat enger Motorséi verfollegt.

  • Saw (2004 - ?)

Saw ass net nëmmen een Horrorfilm, mee eng ganz Filmrei, déi 2004 mam éischte Film vum James Wan ugefaangen huet. D'Geschicht dréint sech ëm den Jigsaw, deen d'Mënschen entféiert a si viru grausam Aufgaben an déidlech Fale stellt. Seng Affer mussen oft schwéier Entscheedungen treffen a grouss Affer bréngen, fir ze iwwerliewen.

  • The Hills Have Eyes (2006) - Alexandre Aja

The Hills Have Eyes aus dem Joer 2006 ass e Remake vum Film mam selwechten Numm aus dem Joer 1977 vum Wes Craven.

Eng Famill ass mat hirem Campingauto ënnerwee duerch d'Wüst, wéi si matzen am Näischt leie bleift. Ouni Hëllef a wäit ewech vun der Zivilisatioun versiche si, en Auswee ze fannen. Mee si mierke séier, datt si net eleng sinn. An den Hiwwele verstoppe sech mutéiert Gestalten, déi Juegd op si maachen.

Iwwernatierlechen Horror

An dëse Filmer geet et ëm iwwernatierlech Kräften, Hexerei, Geeschter, Dämonen a Verfluchungen.

  • Suspiria (1977) – Dario Argento

Eng jonk amerikanesch Dänzerin kënnt op eng renomméiert Balletschoul an Däitschland, wou Doudesfäll a komesch Evenementer geschéien. Lues a lues entdeckt si, datt sech hannert der Schoul en däischtert Geheimnis verstoppt.

  • The Shining (1980) – Stanley Kubrick

E Schrëftsteller verbréngt de Wanter mat senger Famill an engem isoléierten Hotel. Ënner dem Afloss vun iwwernatierleche Kräften a senger eegener psychologescher Instabilitéit verléiert hien ëmmer méi de Verstand.

  • The Witch (2015) – Robert Eggers

Am 17. Joerhonnert lieft eng streng reliéis Famill isoléiert um Rand vun engem Bësch. Wéi mysteriéis Evenementer ufänken, wuessen d'Angscht, de Mësstrauen an de Verdacht op Hexerei.

  • The Wailing (2016) – Na Hong-jin

An engem klenge südkoreaneschen Duerf geschéien onerklärlech Mordfäll an eng Krankheet verbreet sech. E Polizist probéiert, d'Ursaach ze fannen a geréit dobäi an eng Welt vun Dämonen, Ritualer a Verfluchungen.

  • Hereditary (2018) – Ari Aster

Nom Doud vun der Groussmamm gëtt eng Famill vun traumateschen Evenementer an onheemleche Phenomener verfollegt. Mat der Zäit kommen däischter Familljegeheimnisser an Okkultismus un d'Liicht.

Honorable Mentions

  • Obsession
  • Audition
  • Blair Witch Project
  • Backrooms

Back to Top
CIM LOGO