Dëse Weekend gëtt gefeiert10 Joer Kopla Bunz

Isabelle Gillen
Mat enger séance académique an 10 Stonnen Imporvisatioun.
© Kopla Bunz

Zënter 10 Joer bitt d'Kopla Bunz asbl interdisziplinär Projeten fir e breede Public un. Vu Musek iwwer Danz an Theater, suergen d'Kënschtler a Kënschtlerinne vu Kopla Bunz mat deenen ënnerschiddlechste Medie fir Ënnerhalung. Hir Projete riichte sech virun allem u Kanner, ma awer och Erwuessener komme regelméisseg op hir Käschten. A verschiddene Konstellatiounen ass de Grupp zu Lëtzebuerg an am Ausland aktiv an ass och zanter 2020 vum Kulturministère subventionéiert.

Dëse Weekend feiert Kopla Bunz säin 10. Gebuertsdag. Samschdes, den 12. September, owes um 18 Auer, gëtt mat der grousser KoplAcademique zelebréiert, enger séance académique, bei där 24 Stécker a 24 Minutten opgefouert ginn.

Sonndes, den 13. September, ginn déi 10 Joer Kopla Bunz mat 10 Stonnen Improvisatioun gefeiert. 24 Kënschtler a Kënschtlerinne weisen hei vu moies 10 bis owes 8 Auer, wat se drop hunn. Moies ass et e Programm fir déi Jonk, owes riicht sech d'Improvisatioun un déi Erwuessen. Hei de komplette Programm vum Sonnden:

10.00-12.30 KoplaBün 1 fir KoplaBambini, gewidmet dem jonken Publikum
12.30-14.30 KoplaBuff-Lunch
14.30-17.30 KoplaBün 2 fir Familljen
17.30-18.00 Kopl'Apéro
18.00-20.00 KoplaBün 3 Owesprogramm fir déi Grouss / Owendprogramm

© Kopla Bunz

Den Entree ass béid Deeg gratis. Et muss ee sech awer iwwer ticket@koplabunz.com umellen, fir déi geheim Platz, op där gefeiert gëtt, gewuer ze ginn. Weider Informatiounen fannt Dir um Internetsite vu Kopla Bunz.

Back to Top
CIM LOGO