Expo100 Joer Lëtzebuerger Konscht

Sandy Elsen
Dem Public, déi Lëtzebuerger Konscht an all hire Facettë méi nobréngen, dat ass d'Missioun vum Lëtzebuerger Artisten "Center" (LAC).
100 Joer Lëtzebuerger Konscht
Dem Public, déi Lëtzebuerger Konscht an all hire Facettë méi nobréngen, dat ass d’Missioun vum Lëtzebuerger Artisten “Center” (LAC).

An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Stroossen a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère huet dësen eng Ausstellung op d’Been gestallt, déi dem Public en Iwwerbléck iwwer d’Lëtzebuerger Konschtschafen aus deene leschten 100 Joer bitt.

130 Tableauen, Skulpturen a Fotografië vu ganzer 66 Kënschtler ginn et am Kulturzenter Paul Barblé ze bewonneren. Vun den expressionistesche Molereie vum Joseph Kutter iwwer déi surrealistesch Motiver vum Foni Tissen bis hin zur moderner Konscht vum Filip Markiewiscz - an dëser Expo si sou zimmlech all Stréimunge vertrueden, déi déi Lëtzebuerger Konscht an deene leschten 100 Joer dominéiert hunn.

Et ass eng Selektioun, déi een duerchaus als exklusiv bezeechne kann. D’Wierker stamen nämlech alleguer aus Privatsammlunge, wat engem erméiglecht, Kreatiounen ze entdecken, déi zum Deel nach ni virdrun an der Ëffentlechkeet gewise goufen.

2 Joer huet et gebraucht, fir dës besonnesch Ausstellung op d’Been ze stellen.

Iwwer dräi Etagë bitt d’Selektioun vun de Curateuren dem Visiteur eng chronologesch Zäitrees duerch déi Lëtzebuerger Konschtgeschicht an iwwerdeems en Abléck an dee kulturelle Räichtum vun eisem klenge Land.

Nach bis den 11. Abrëll sinn déi rar Wierker zu Stroossen ze gesinn. Den Entrée ass fräi. Alternativ kann ee sech d’Ausstellung och virtuell op www.strassen.lu ukucken.

E Buch, datt d’Ausstellung “100 Joer Lëtzebuerger Konscht” zesummefaasst, kritt ee bei der Librairie Ernster a bei der Gemeng Stroossen ze kafen.

Back to Top
CIM LOGO