
Si ass domat déi éischt Thailännerin, déi dës US-Talentshow gewënnt.
An der Finall a Kalifornien huet si "Seven Nation Army" vun The White Stripes gesongen a sech géint néng aner Finaliste behaapt.
Besonnesch bekannt gouf si no hirer Auditioun, bei där si "Zombie" vun The Cranberries gesongen hat. De Video dovun huet ronn 20 Millioune Vuë gesammelt.
Virun der Annonce vun de Resultater ass d'Nene zesumme mat Linkin Park opgetrueden an huet "The Emptiness Machine" gesongen.
Fir hir Victoire kritt déi jonk Musekerin e Präisgeld vun enger Millioun Dollar. An Thailand gouf hir Victoire gefeiert. De Premier Anutin Charnvirakul huet hir gratuléiert a gesot, si hätt Thailand Éier bruecht an den Houfert vun de Leit gestäerkt.