Suessem2. Editioun vum "Kino beim Schlass"

RTL Lëtzebuerg
Vum 1. bis de 5. September ass beim Suessemer Schlass erëm eng méi lass. Um Programm sti Filmer, Erzielowender, eng Konferenz an nach villes méi.
© Gemeng Suessem

Lass geet et en Donneschden, den 1. September, mam US-Amerikanesche Schrëftsteller a Produzent Jordan Peele (“Get out”, “Us”) sengem neisten Horror-Thriller “Nope”. Dësen huet am Juli 2022 seng Première an Amerika gefeiert an zielt d’Geschicht vun zwee Geschwëster, déi op enger ofgeleeëner Päerds-Ranch zu Santa Clarita Valley bei LA wunnen. Hire Papp ass verstuerwen, wéi onerklärlech Objete vum Himmel gefall sinn, an elo hunn déi zwee Bridder et sech zur Missioun gemaach, net nëmmen dem Papp seng Ranch ze erhalen, mä och déi onerklärlech Evenementer, déi sech op der Ranch zoudroen, op Video ze dokumentéieren.

Freides, den 2.September, gëtt de Programm e bësse méi kannerfrëndlech. Um 20h30 gëtt nämlech d’"Minions - The Rise of Gru” gewisen.

Den Dag drop gëtt e Ciné-Concert organiséiert, a Kollaboratioun mam Centre national de l’audiovisuel, dee jo am Kader vun Esch2022 de Projet “our archive. your story.” an d’Liewe geruff huet. Zil vum Projet ass et, de breede Publikum op d’Vergaangenheet vum Süde vum Land ze sensibiliséieren an op den audiovisuelle Patrimoine vum CNA opmierksam ze maachen. Niewent Ausstellungen ewéi “Stëmme vun der Schmelz”, organiséiere si och elo en drëtte"Ciné-Concert”, bei deem e Film aus Archivmaterialer gemaach gouf an deen da live vun de Museker Pit Dahm, Enzo Carniel, Lennart Heyndels a Charley Rose begleet gëtt.

Sonndes kann ee sech op de Science-Fiction-Film “Godzilla vs. Kong” vum Adam Wingard freeën. Dëse koum d’lescht Joer eraus an dréit sech ëm déi zwou legendär Figuren, déi an dësem Film openee stoussen a sech e Kampf ëm Liewen an Doud liwweren. Fir Aktioun ass also gesuergt! Virum Film hält den Yves Steichen vum CNA nach e Virtrag iwwer e puer ikonesch Déieren a Monsteren aus der Kinosgeschicht.

Fir de Film-Marathon ofzeschléissen, organiséiert d’Betsy Dentzer, zesumme mat der Erzielkonscht ASBL eng Erzielstonn fir Kanner an en Erzielowend fir Erwuessener. Dës goufen och scho bei der leschter Editioun vum “Kino beim Schlass” ugebueden. Dëst Joer ginn déi zwou Erzielerinnen, Betsy Dentzer a Luisa Bevilacqua, och erëm live vu Museker begleet. Zil vum Format ass et, Musek, Geschichten an Emotiounen ze feieren a mateneen ze verbannen.

Ween also Loscht huet, sech am Strandkuerf oder Ligestull e gudde Film unzekucken oder Geschichten nozelauschteren, dee fënnt tëschent dem 1. a 5. September am Park vum Suessemer Schlass senges. Méi Informatiounen zum Programm ginn et op hirem Site.

Back to Top
CIM LOGO