Lëtzebuerger Filmfong20 nei Projete gi fir 2024 finanziell ënnerstëtzt

RTL Lëtzebuerg
A senger éischter Sessioun vum Joer huet de Lëtzebuerger Filmfong 20 nei Projete finanziell Hëllef zougesot, heescht et e Freideg den Owend an engem Communiqué.

34 Filmprojete wieren analyséiert ginn. An der Selektioun sinn 11 Long-Métragen, dorënner 3 Animatiounsfilmer an een Documentaire, 3 Serien, 5 Kuerzfilmer an ee Virtual-Reality-Projet.

Alles an allem läit de Budget, dee fir dës Projeten zur Verfügung gestallt gëtt, bei ronn 9,5 Milliounen Euro.

PDF: Schreiwes vum Lëtzebuerger Filmfong

Back to Top
CIM LOGO