Bis 1 Auer an der Nuecht konnt een op 7 Muséeë verdeelt nees vu flotten Animatiounen a Workshoppe profitéieren. De Public war och dëst Joer villsäiteg. De Social Event lackelt nieft den typesche Visiteuren am Musée awer och ëmmer méi jonk Leit an d’Ausstellungen. Um 17 Auer goung et lass. Am fréien Owend ware virun allem Familljen ënnerwee. De Musée Dräi Eechelen hat fir den 10. Anniversaire e spezielle Programm op d’Bee gesat. Am Wiefatelier konnten d’Kanner beispillsweis e Bändche maachen. Heibäi gouf sech un den Tenuë vu fréier inspiréiert. Do kruten d’Kanner d’Wieftechnik gewisen, esou den Direkter vum Musée Dräi Eechelen François Reinert. Et wier ee frou, de Familljebetrib vu Conter nees mat hirem Workshop dobäi ze hunn. D’Nuit des Musées, d’Ambiance an d’Workshoppe wiere wichteg, fir Leit an d’ Muséeën ze kréien, déi anescht villäicht net komm wieren.
Iwwer 22.000 Visiteure waren ënnerwee, e positive Bilan also. Och e breetgefächerte Publik, a Saache Nationalitéiten an Alter. De Public géif am allgemengen änneren. Ëmmer méi jonk Leit wieren un de Muséeën interesséiert, esou de François Reinert. Zemools Jugendlecher kéimen elo eng éischte Kéier an de Musée Dräi Eechelen. Wann d’Ateliere flott wieren, kéim deen een oder Aneren nach e puer mol rëm.
An all Musée ware Spoken Word-Optrëtter zu verschiddene Wierker. 7 Kënschtler aus verschiddene Beräicher hunn do hire «Coup de Coeur» presentéiert. De Luc Spada huet den Highlight-Projet koordinéiert an déi verschidde Kënschtler erausgesicht. Zil war et, fir och Leit mat engem aneren Hannergrond ze froen, déi net onbedéngt am Spoken-Word schaffe, mee och Museker oder Schauspiller.
D’Nuit des Musées gouf dann och all Kéiers musikalesch begleet. Wéi hei an der Villa Vauban, wou ee sech an der Musek vum Duo Kiasma verléiere konnt.