
Vum 28. August bis de 7. September kann een dëst Joer op der Mostra vill Lëtzebuerger Filmproduktioune gesinn. Ënnert dem Numm “The Centre of Attraction” kann een di Lëtzebuergesch Produktiounen, zesumme mat belsche Filmer zu Venedeg entdecken. Di sougenannte “Venice Production Bridge” déngt dozou Vernetzungen, Finanzéierungen a Koproduktiounsméiglechkeeten ze fuerderen. De Film Fund wäert dëst Joer mat enger Delegatioun vu Leit aus der audiovisueller Zeen vertruede sinn. 6 Lëtzebuerger Filmer sinn an der der Selektioun fir de Filmfestival.
Den Documentaire “Youth (Homecoming)” vum chinesesche Réalisateur Wang Bing, koproduzéiert mat Les Films Fauves (Lëtzebuerg), Frankräich, Hong Kong an Holland, ass an der offizieller Competitioun vun der Mostra.

An der virtueller Realitéit sinn dann di fënnef aner Filmer an der offizieller Competitioun “XR immersive” vertrueden:
Lëtzebuerg huet deemno dëst Joer eng staark Visibilitéit um beléifte Filmfestival zu Venedeg.