
Fir Ferrari war et beim Grousse Präis vu Mexico-City e gelongene Qualifying. De Lewis Hamilton konnt fir déi éischte Kéier an dëser Saison d'Pole Position fir Ferrari sécheren. Hannert dem Britt starten um Sonndeg de Russell an de Leclerc. De Kimi Antonelli, deen um Sonndeg just nach zwee Punkte brauch, fir sech de Weltmeeschtertitel ze sécheren, gouf de Fënneften. De Verstappen hat bis an déi lescht Kéier d'Chance op d'Pole, den Hollänner huet sech awer verbremst a gouf um Enn de 4.. Wéinst enger Strof start den Hollänner awer hannert dem Antonelli. D'Plaze 6 bis 8 goungen un den Norris (McLaren), den Hadjar an de Lawson. Och nach an de Q3 haten et de Lindblad an de Gasly gepackt.
De Lawson gouf nodréiglech disqualifizéiert. Dat well seng MGU-K (en Deel vum Undriff vum Auto) falsch funktionéiert huet, wat e Verstouss géint dat technescht Reglement ass, an och ouni sportleche Virdeel direkt mat enger Disqualifikatioun bestrooft gëtt.
Eng grouss Iwwerraschung gouf et am Q2. Den Oscar Piastri um McLaren konnt sech net fir de Q3 qualifizéieren. Sainz (Williams), Bearman (Haas) a Colapinto (Williams) hunn den Auto och an der Garage stoe gelooss. Fir béid Audi-Piloten Hülkenberg a Bortoleto war et nom Q2 och eriwwer.
De Q1 war kuerzzäiteg ënnerbrach, well den Alonso (Aston Martin) säin Auto huet missen ofstellen. Den Out war et och fir dem Alonso säin Teamkolleeg Lance Stroll. Béid Cadillac-Pilote Perez a Bottas waren och ze lues an den Albon um Williams konnt sech och net fir de Q2 qualifizéieren. Den Hirakawa, dee fir den Ocon bei Haas agesat gouf, huet säin Auto och nom Q1 ofgestallt.
Dir kënnt de Grousse Präis vu Mexico-City e Sonndeg op RTL ZWEE, RTL.lu an RTL Play suivéieren. D'Emissioun fänkt um 20:30 Auer un, d'Course ass um 21 Auer.