Bekannt duerch "Star Trek"Brittesche Schauspiller Patrick Stewart mat 86 Joer gestuerwen

AFP, iwwersat vun RTL
Den Acteur, deen als Captain Picard an der Tëleesserie Star Trek bekannt war, hat Alzheimer.
Brittesche Schauspiller Patrick Stewart mat 86 Joer gestuerwen
Den Acteur, deen ënner anerem a senger Roll als Captain Picard an der Serie Star Trek bekannt war, ass un Alzheimer gestuerwen.

De brittesche Schauspiller Patrick Stewart ass dout. Wéi et an engem offizielle Statement heescht, wier den Acteur e Mëttwoch gestuerwen. Hien ass 86 Joer al ginn. De Stewart war un Alzheimer erkrankt.

Zu senge bekanntste Rollen zielen déi vum Kapitän Picard an der Fernseeserie Star Trek an déi vum Dr. Charles Xavier an den X-Men-Filmer. Um Hollywood Walk of Fame hu Fans op sengem Stär Blummen néiergeluecht, fir him ze gedenken.

Back to Top
CIM LOGO