Beim "#jazzcrawl” konnten d’Leit op dräi verschiddene Plaze Concerte lauschteren. Ugaangen ass et an der Abtei, éier se an de Grand Hotel Cravat a schliisslech an de Scott’s Pub weidergaange sinn. Den 2. Dag vum Festival sti Soloen am Fokus an den 3. a leschten Dag ass dann de grousse Concert, fir deen et effektiv och nach Tickete ginn.
Zanter sengen Ufänk huet d’Formule vum Festival wéineg changéiert. De Lineup, par contre, ass all Joer ganz nei a gëtt vum Pascal Schumacher curatéiert. “Et ass e Puzzle, deen ech Stéck fir Stéck zesummesetzen”, erkläert hien. “Deen éischte Museker, deen ech normalerweis froen ass, de Lëtzebuerger. Dat ass dann elo dës Kéier de Marc Demuth an dann iwwerleeën ech, wie géif gutt bei de Marc passen, wat wier dat nächst Element, wat interessant wier, fir dat Ganzt mat enger Richtung ze balancéieren an et mécht mer immens vill Spaass, dat zesummen ze bauen.”
Nieft dem Marc Demuth sinn dëst Joer och Museker aus den Nopeschlänner, awer och aus Japan, Finnland, England an Dänemark ze héieren.