Déi Lëtzebuerger Komponistin Helen Buchholtz ass 1877 zu Esch op dWelt komm an 1953 um Lampertsbierg gestuerwen. Zu Liefzäiten hat se eng grouss Passioun: d’Komponéieren. No hirem Doud sinn hir Manuskripter verschwonne gewiescht an eréischt 1998 nees opgetaucht.
D’Musekwëssenschaftlerin Danielle Roster huet se opgeschafft an am CID-Fraen a Gender ginn se elo conservéiert.
An Zesummenaarbecht mam CNA sinn an de leschte Méint en CD “Und hab so große Sehnsucht doch” mat Wierker vun der Helen Buchholtz an e Film “Im Dialog mit Helen Buchholtz” vum Anne Schiltz entstanen
Am CAPE zu Ettelbréck war de Freideg e Concert mam Pianist Claude Weber an der Sopranistin Gerlinde Sämann. Dobäi goufen och 4 Stécker vun zäitgenëssesche Komponistinnen (Catherine Kontz, Albena Petrovic-Vratchanska, Tatsiana Zelianko an Stevie Wishart) opgefouert, déi sech un der Musek vum Helen Buchholtz inspiréiert hunn.