De Food-for-your-senses-Festival huet munch Geschicht geschriwwen an deene 15 Joren wou et e mëttlerweil gëtt, wann och net ëmmer positiv.

Well ëmmer erëm haten d’Organisateure mat Problemer ze kämpfen: dorënner dee vum Site. Dofir dann och elo d’Decisioun: No der Editioun 2019 ass Schluss mam "Food for your senses". Ma dëse Weekend soll dofir hei um Kierchbierg nach emol esou richteg gefeiert ginn. D’Preparatioune lafen dann och den Ament op Héichtouren, a sinn deelweis och vun e wéineg Nostalgie an Emotioune gepräägt.

Eng RTL-Ekipp huet d'Preparatioune mat der Kamera begleet.

Line-Up: Kate Tempest, Defdump, Eternal Tango, Inborn!, de Läb oder the Disliked

Zanter dem 17. Mee ass de komplette Line-up vum Food For Your Senses-Festival bekannt. Opfälleg ass, dass virun allem bekannte Lëtzebuerger Bands op dëser leschter Editioun vum Festival wäerte spillen. Hei de komplette Line-Up op ee Bléck:

De Camping-Site wäert e Freideg tëscht 19 Auer an 21 Auer schonn op sinn, e Samschdeg um 12 Auer wäert de Site vum Festival selwer seng Dieren dann opmaachen.