Passepartout: Rubrik "Krautklub"Wéi de City Pop eng ganz Generatioun begleet huet

Isabelle Gillen
City Pop ass eng Museksrichtung, déi an de 1970er an 80er Joren a Japan entstanen ass an zanter zwee Joerzéngten och am Weste beléift ass.
KRAUTKLUB: City Pop
An eiser neier Rubrik "Krautklub" gi mir Begrëffer aus der Konscht, Pop a Museksgeschicht op de Gronn an erklären, wéi se entstane sinn a wat se bedeiten.

Japan an de 1970 Joren. Et war eng Zäit vun technologeschem Fortschrëtt, westlechen Aflëss a kultureller Innovatioun.

Nom zweete Weltkrich huet Japan en ekonomesche Boom erlieft, deen um Enn vum Joerhonnert säin Héichpunkt erreecht huet. Virun allem a Stied, wéi Tokyo, hu sech dës Verännerungen duerch d'Opkomme vun enger sougenannter Spaassgesellschaft an dem Museksstil City Pop ausgedréckt.

City Pop ass eng Aart Pop-Musek, déi duerch déi Amerikanesch Musekskultur gepräägt gouf an Elementer aus Funk, Disco, R&B, Soft Rock oder och Boogie iwwerholl huet. Et war e Produit vu senger Zäit. City Pop sollt genee dat kosmopolitesche Liewensgefill ausdrécken, wat déi japanesch Uewerschicht virgelieft huet a vill anerer an Zäite vu Walkmans, Neonschëlder an Héichhaiser och erreeche wollten.

D‘Museksrichtung geet net nëmmen Hand an Hand mam ekonomesche, mee och mam technologesche Boom aus de 70er Joren a Japan. Beim City Pop läit de Fokus méi op den Instrumenter, wéi um Gesang an dës ware ganz am Sënn vun enger moderner Welt virun allem elektronesch. Mat Synthesizer a Trommelmaschinnen hunn d’Museker d’Konzept vun der Modernitéit a Form vu Melodië verpaakt.

Et ass onkloer, wien als éischte Museker City Pop produzéiert huet. Den Tatsuro Yamashita an den Ufank 80er Joren, wier awer ee vun de ganz grousse gewiescht a gëtt dofir och de Kinnek vum City Pop genannt.

Mam lokalen Hype vum City Pop huet sech d'Konzept vun elektronescher Musek och sos an der Kultur ausgebreet a war zum Beispill a Form vun 8-bit a 16-bit Soundtracks a japanesche Videospiller ze fannen. D'Musek ass Enn 1980 och iwwert d’Grenze vu Japan eraus gaangen an huet sech a Form vu Chineeseschem, Koreaneschem, oder och indoneeseschem City Pop ausgedréckt.

City Pop hat en intensiven, ma awer och e relativ kuerzen Hype am Verglach zu anere Genren. No de 1980er Joren, mam Platze vun der ekonomescher Bloos a Japan, huet den Interessi un onbekëmmerter Pop-Musek ofgeholl a nei Subkulturen, déi d'Stëmmung vun der verluerener Generatioun an de 90er Jore besser erëmginn hunn, hunn de Museksstil séier aus dem Mainstream verdrängt.

Eréischt ëm d'Joer 2010 huet City Pop en zweeten Duerchbroch erlieft. Duerch retro-Hypes, wéi Y2K, ass de City Pop iwwert Musekblogs um Internet nees opgedaucht an och an Europa an an Amerika beléift ginn. Esou huet en de Grondstee fir online sample-baséiert Micro-Genren, wéi Vaporwave oder Future Funk geluecht.

Et huet awer bis zu der d'Corona-Pandemie 2020 gedauert, fir de City Pop nees zeréck an de Mainstream ze huelen. D‘Lidd "Mayonaka no Door" vun der Miki Matsubara ass op TikTok viral gaangen an nieft ronn 100 Neioplage vu japaneschen Alben aus de 70er an 80er Joren, esou wéi onendlech ville City Pop Playlists op Streaming-Plattformen, konnt de Museksstil et op en Neits an d'Charts packen an ass elo nees e wichtege Bestanddeel vun enger Generatioun mam Wonsch no enger onbeschwéierter moderner Welt.

Back to Top
CIM LOGO