De Lëtzebuerger Film Fong huet Samsa Film een éischten Deel vun 1,3 Milliounen Euro accordéiert fir déi 2. Staffel vu Capitani.

Am Februar 2021 sollen also d'Dréiaarbechte fir déi nei Staffel vu Capitani un. Dës Lëtzebuerger Krimi-Serie vum Christophe Wagner hat jo zejoert e grousse Succès.

An der Serie wäert et nees ëm de Luc Capitani goen, deen no 3 Joer aus dem Prisong entlooss gëtt. Dat allerdéngs ënnert enger Konditioun: hie soll am geheimen den Nuetsmillieu vum Garer Quartier an der Stad infiltréieren.

De Selektiounscomité vum Lëtzebuerger Filmfong hat dës Seance 61 Projeten op sengem Dësch leien, fir eng finanziell Hëllef ze kréien.

29 Projete goufen zeréckbehalen. De Käschtepunkt läit bei bësse méi wéi 13 Milliounen Euro.

De Montant vun all den Aiden, déi dës Seance gefrot gi waren, louche bei knapp 27,4 Milliounen.