Midterms an den USAMuechtwiessel am US-Kongress

Ryck Thill
Als Haaptursaach fir d'Néierlag vun de Republikaner gëllen déi héich Liewenskäschten an den ëmstriddene Krich géint den Iran.
Midterms an den USA: Muechtwiessel am US-Kongress
Als Haaptursaach fir d'Néierlag vun de Republikaner gëllen déi héich Liewenskäschten an den ëmstriddene Krich géint den Iran.

D'Demokraten hunn d'amerikanesch Midterm-Wale méi däitlech gewonnen, wéi vill Experte virausgesot haten. Héich Liewenskäschten an de Krich géint den Iran hunn de Republikaner geschuet. Vum Januar u kontrolléiert d'Oppositioun béid Chamberen am Kongress.

D'US-Demokraten hu bei de Midterms net nëmmen d'Majoritéit am Representantenhaus an am Senat zeréckgewonnen, mee och a Bundesstaate gewonnen, déi zanter Joerzéngten als republikanesch Héichbuerge gëllen. Domat ännert sech d'Muechtverdeelung zu Washington fir déi lescht zwee Joer vum Trump senger Presidentschaft.

Am Senat, wou ronn een Drëttel vun den 100 Sëtz nei gewielt goufen, hunn d'Demokraten no den aktuelle Resultater siwe Mandater dobäi gewonnen. Si kommen domat op op d'mannst 54 Sëtz. Am Representantenhaus, dat komplett nei gewielt gouf, hu si sech den aktuellen Héichrechnungen no op d'mannst 225 vun de 435 Mandater geséchert. Fir eng Majoritéit sinn hei 218 Sëtz néideg.

Historesch Victoiren am Texas a Kansas

Besonnesch grouss war d'Freed am Texas. Fir d'éischte Kéier zanter 1988 huet de Bundesstaat nees en Demokrat an den US-Senat gewielt. De 37 Joer ale James Talarico huet sech géint de Republikaner Ken Paxton duerchgesat, dee vum Donald Trump ënnerstëtzt gouf. Och de Gouverneursposte geet un mam Gina Hinojosa un eng Demokratin. Domat geet eng ronn 30 Joer laang republikanesch Dominanz un der Spëtzt vum Bundesstaat op en Enn.

"Mir hu grad bewisen, datt och all d'Suen op der Welt näischt géint d'Leit am Texas ausriichte kënnen", sot den Talarico an der Ried no senger Victoire. Méi wéi 300 Milliounen Dollar haten d'Republikaner an de Senatswalkampf investéiert.

Och am Kansas hunn d'Demokraten e Resultat erreecht, dat nach viru Kuerzem kaum fir méiglech gehale gouf. Mam Adam Hamilton gëtt do fir d'éischte Kéier zanter 94 Joer nees en Demokrat an den US-Senat gewielt.

A South Carolina huet d'Demokratin Annie Andrews sech géint d'Darline Graham duerchgesat, déi vum Donald Trump ënnerstëtzt gouf. Och an anere Bundesstaaten, dorënner Ohio, Iowa an North Carolina, konnten d'Demokrate sech géint d'Republikaner duerchsetzen.

Am Michigan huet den Abdul El-Sayed Geschicht geschriwwen. Den Dokter ass den éischte Moslem, deen an den amerikanesche Senat gewielt gouf. Hien huet sech an enger knapper Wal géint de Republikaner Mike Rogers behaapt.

"D'Suen eraus aus der Politik an eran an är Täschen. Eng Krankeversécherung fir jiddereen! Michigan, mir hunn et gepackt!", huet den El-Sayed viru senge Supportere geruff.

Héich Präisser an den Iran-Krich belaaschten d'Republikaner

Als Haaptursaach fir d'Néierlag vun de Republikaner gëllen déi héich Liewenskäschten an den ëmstriddene Krich géint den Iran. Duerch de Krich sinn ënner anerem d'Bensinnspräisser staark geklommen. Och dem Trump seng Stroftaxen op auslännesch Produiten hunn d'Käschte fir vill amerikanesch Stéit erhéicht.

Engem Sondage no hu bal néng vun zéng Wieler d'Liewenskäschten als e wichtegen oder entscheedende Facteur fir hir Waldecisioun genannt. Bal zwee Drëttel hunn den Donald Trump fir déi héich Präisser responsabel gemaach.

De President selwer gesäit d'Schold fir d'Néierlag awer net bei sech. Wann hie perséinlech um Walziedel gestanen hätt, hätten d'Republikaner mat groussem Virsprong gewonnen, huet hien op senger Plattform Truth Social geschriwwen. An engem Interview mam Sender Fox News huet hien allerdéngs zouginn, datt de Krich géint den Iran eng Roll bei der Néierlag gespillt kéint hunn. Hien huet seng Entscheedung, géint den Iran virzegoen, awer weider verdeedegt.

Wat bedeit d'Walresultat fir den Trump?

Mat hire Majoritéiten am Kongress hunn d'Demokraten elo däitlech méi Méiglechkeeten, dem President seng Politik ze blockéieren. Si kënnen nei Gesetzer verhënneren, Afloss op wichteg Personaldecisiounen huelen an Enquêtë géint d'Regierung lancéieren. Den Trump bleift allerdéngs President a kann och weider säi Vetorecht géint Gesetzer asetzen. Eng demokratesch Majoritéit am Kongress bedeit dofir net, datt d'Demokraten hir eege politesch Projeten ouni Weideres duerchsetze kënnen.

Och fir d'Presidentschaftswal 2028 léisst sech aus dem Resultat nach keng sécher Prognos ofleeden. An der amerikanescher Geschicht hu schonn dacks Presidente bei de Midterms Plomme gelooss. De Bill Clinton an de Barack Obama konnten trotz Verloschter zwee Joer méi spéit nees d'Presidentschaftswal gewannen.

Den Donald Trump selwer däerf no sengen zwou Amtszäiten net nach eng Kéier untrieden. Op republikanescher Säit ass d'Fro vu senger Nofolleg domat ëmsou méi wichteg.

Bei den Demokraten zielt de fréiere kalifornesche Gouverneur Gavin Newsom zu de méigleche Kandidaten. Säin Nofollger Xavier Becerra gouf en Dënschdeg zum éischte Latino-Gouverneur vum bevëlkerungsräichsten US-Bundesstaat gewielt.

An enger Partie Bundesstaate ginn nach ëmmer Stëmmen ausgezielt. Un den demokratesche Majoritéiten an deenen zwou Chamberen ännert dat awer näischt méi. Den neie Kongress kënnt den 3. Januar 2027 fir d'éischte Kéier zesummen.

Back to Top
CIM LOGO