Aarbechten un neier Zuchlinn Lëtzebuerg-BeetebuergGréisser Coupure vum Zuchtrafic aus Frankräich am Summer 27

Maurice Fick
Pierre Jans
Am Summer ginn d'Nerve vun de franséische Frontalieren nach eng Kéier strapazéiert, ma duerno gëtt et dann eng Zuchlinn exklusiv fir de grenziwwerschreidende Passagéiertransport.
Gréisser Coupure vum Zuchtrafic aus Frankräich am Summer 27
Am Summer ginn d'Nerve vun de franséische Frontalieren nach eng Kéier strapazéiert. Ma duerno ass déi nei Linn Lëtzebuerg-Beetebuerg fäerdeg.

D‘Frontalieren aus Frankräich virop, mä och all déi aner Leit, déi aus dem Süden iwwer Beetebuerg an d‘Stad mussen, dierft et net freeën:
D‘nächst Joer am Summer wäert den Zuchtrafic fir déi final Aarbechten vun der neier Linn Lëtzebuerg-Beetebuerg nach eemol wärend zwee Méint ënnerbrach sinn, ier déi grouss Erliichterung da kënnt.

Et ass ee vun de gréisste Projeten vun den CFL an de leschte Joren. Déi nei Linn Lëtzebuerg-Beetebuerg. Vun 2027 u sollen doriwwer vill méi Passagéier tëscht Frankräich an der Stad zirkuléiere kënnen. D‘Zuel vu Sëtzplazen soll bis 2030 vun 13.500 op 22.500 eropgoen. De Schantjen fir déi nei Gleiser verleeft laanscht dee fir den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn, mam selwechten Zil. D‘Autobunn an d‘Zuchlinn 6 sollen entlaascht ginn.

Ma d‘Aarbechten, déi virun iwwer 10 Joer ugefaangen hunn, si komplizéiert a brauchen och nach e bësse méi Zäit. De Rui Raimundo, Chef vun den Infrastrukturprojeten bei den CFL mécht de Point:

"6,4 Kilometer Streck sinn elo Enn dës Jores fäerdeg. Dat Stéck südlech vun der Neibaustreck feelt nach. Dat ass de Raccordement mat der Gare Beetebuerg. Deen Uschloss ass komplizéiert. De kënne mir net einfach esou maachen. Mir sinn op eng Summerpaus ugewisen, eng Spärpaus. Geplangt ass se fir d‘nächst Joer vum 16. Juli un."

Durant ces vacances de la Toussaint et les deux semaines qui vont suivre, seront menés les fastidiueux travaux de réglage de la caténaire.
Durant ces vacances de la Toussaint et les deux semaines qui vont suivre, seront menés les fastidiueux travaux de réglage de la caténaire.
© Maurice Fick / RTL

Eng kleng Bréck muss do gebaut ginn, fir dass eng Linn iwwer respektiv ënnert der anerer ka fueren. Am Jargon e "Saut-de-mouton", Schofssprong.

"Do ass jo déi Streck, déi schonn do ass, am Wee. Déi musse mir säitlech rippen, fir eis déi Plaz fräizehalen fir den endgëltege Raccordement mat der Beetebuerger Gare ze maachen", esou de Rui Raimundo.

Bis de 15. September d‘nächst Joer ass do gespaart. E weidere Summer, an deem den 12.000 Frontalieren aus Frankräich hir Nerven nach strapazéiert ginn. Duerno awer dann: Eng Linn, déi exklusiv do ass, fir de grenziwwerschreidende Passagéiertransport. Den Direkter vun den CFL Marc Wengler erkläert.

"Dat Konzept wëll, dass all eenzel Linn ka separat bedéngt ginn, ouni dass et Kräizungen dertëscht gëtt. Déi Streck, déi zum Beispill aus Frankräich iwwer Beetebuerg op Lëtzebuerg kënnt, an déi aner déi vun Esch aus kënnt, sollen separat, op hiren eegene Gleisen, an Quaien an der Stater Gare ukommen. Wann et op enger Streck eng Stéierung gëtt, iwwerdréit déi sech net op déi aner Streck."

Rui Raimundo, chef des projets infrastructures aux CFL: "Nous terminerons les travaux sur 6,4 km des 7 km de la ligne d'ici décembre".
Rui Raimundo, chef des projets infrastructures aux CFL
© Maurice Fick / RTL

Bis zu 8 Zich d'Stonn kéinten tëscht der Stater Gare an dem Süde vum Land respektiv Frankräich zirkuléieren. An dat méi pénktlech. Dat versprécht Erliichterung fir d‘Rentrée 2027.

Back to Top
CIM LOGO