Kultur-Serie op RTL - Deel 2De Schrëftsteller Ian De Toffoli am RTL-Interview

Patricia Baum
Claudia Kollwelter
D’Pandemie-Joer 2020 war och fir de ganze Kultur-Secteur keen einfacht Joer. Sief et beim Film, Danz, Theater, der Literatur, Konscht oder Musek.

De Kultur-Secteur huet sech deels missen nei erfannen an déi nei Erausfuerderungen unhuelen. D’RTL-Kulturredaktioun huet sech mat 6 Vertrieder aus de verschiddene Sparten ënnerhalen.

Deel 2: De Schrëftsteller Ian de Toffoli - de ganzen Interview

Et ass wéi e Kaartenhaus, dat zesummefält. Dat sinn d’Wierder vum Schrëftsteller an Editeur Ian de Toffoli par rapport zu der aktueller Kris. Och wann de Beruff vum Schrëftsteller net direkt vun der Pandemie betraff ass, ass awer alles dat ronderëm, wéi Bicher verkafen, op Foire goen an d‘Promouvéiere vill verluer gaangen. Wichteg Facteuren, déi dat ganzt Kaartenhaus zesummenhalen. Ma geschriwwe gouf dëst Joer awer vill, dat erkläert de Ian De Toffoli am Interview mam Patricia Baum.

Kultur-Serie op RTL - Deel 2/Reportage Claudia Kollwelter

De Programm vun der Serie

Back to Top
CIM LOGO