
De Kultur-Secteur huet sech deels missen nei erfannen an déi nei Erausfuerderungen unhuelen. D’RTL-Kulturredaktioun huet sech mat 6 Vertrieder aus de verschiddene Sparten ënnerhalen.
„Ee Wuert a mir existéieren!“ e Saz vun der Theaterschauspillerin a Regisseurin Myriam Muller. D’Kultur ass fir si, op politeschem Niveau, net genuch verbaliséiert ginn zënter dem Ufank vun der Kris. Datt de Secteur awer, niewent villen aneren, och staark betraff ass, ass net ze bezweifelen. Den Theater huet sech dat ganzt Joer missen immens vill adaptéieren, fir iwwerhaapt kënnen ze spillen. D’Patricia Baum huet mam Myriam Muller iwwert Theaterjoer 2020 geschwat. E Joer, mat engem éiwegen op an zou.