
69,3 Milliounen Dollar, also ëmgerechent 58 Milliounen Euro, huet den neie Besëtzer dofir op den Dësch geluecht. Dat huet d’Auktiounshaus Christie’s en Donneschdeg matgedeelt. Nieft dem Präis vun der digitaler Collage gouf et och a puncto Spectateuren en neie Rekord: Ganzer 22 Millioune Leit hunn déi lescht Minutte vun der Stee live matverfollegt. Sou vill wéi nach ni virdru bei enger vun hiren Auktiounen.
2007 hat de Beeple ugefaangen, déi digital Collage hierzestellen. All Dag huet hien en digitaalt Bild dobäigesat. Schlussendlech koum e Mix aus ganzer 5.000 Stéck eraus. De Kënschtler, dee mat richtegem Numm Mike Winkelmann heescht, gëllt weltwäit als Pionéier an der virtueller Konscht.
“Everydays: The First 5000 Days” ass domat den deiersten “Non-Fungible Token” op der ganzer Welt. Am Géigesaz zu Kryptowärunge sinn NFTen eenzegaarteg a souzesoen e virtuellt Sammlerstéck.