Well den Ament net vill Concerte gespillt ginn, lount sech eng kleng musikalesch Zäitrees. Wat sinn déi beschte Live-Optrëtter vun allen Zäiten?

Dat huet d'Online-Plattform "Ticket Source" elo ermëttelt an eegenen Aussoen no déi "50 gréisste Live-Optrëtter vun allen Zäiten" analyséiert, fir e Ranking opzestellen. 3 Krittäre waren dofir wichteg: d'Unzuel vun de Klicken, déi den Optrëtt op YouTube krut, genau wéi d'Sichufroe pro Joer op YouTube a Google.

Ganz uewe steet déi brittesch Rockband Queen mat hirem Optrëtt beim Beneficeconcert "Live Aid" am Joer 1985. 25 Minutte laang hat de Gig vun der Grupp ronderëm de Sänger Freddie Mercury am Londoner Wembley-Stadion gedauert. De Video vum Kult-Concert gouf méi wéi 136 Millioune Mol op YouTube gekuckt a kënnt pro Joer op 1,4 Millioune Sichufroen bei Google.

Am Ganze kënnt de Queen-Concert op 90,6 Punkten a läit domat däitlech virum Jennifer Lopez a Shakira. Den Optrëtt vun de Sängerinne beim Super Bowl d'lescht Joer hate sech 200 Millioune Spectateuren op YouTube ugekuckt. Donieft goufe pro Joer 325.200 bezéiungsweis 20.770 Sichufroen op YouTube a Google gezielt, dofir ass d'Gesamtpunktzuel och just 42,3.

Concerten am Kader vum Super Bowl si bei den Internet-Useren iwwerhaapt ganz beléift. Och d'Lady Gaga hat am Joer 2017 do en Optrëtt. De Medley aus Songs vun hirem 4. Studioalbum "Joanne" huet et am Ranking vun "Ticket Source" op Plaz 3 gepackt. Op der 4. Plaz ass déi brittesch Popband  Coldplay mat hirem Gig beim Super Bowl viru 5 Joer ze fannen. D'Beatles si mat hirem Concert am New Yorker Shea Stadion am Joer 1965 op der 5. Positioun gelant.

Déi aner Plazen an den Top Ten beleeën de Michael Jackson (Super Bowl 1993), Nirvana (MTV Unplugged 1994), Prince (Super Bowl 2007), den Optrëtt vum Katy Parry, Lenny Kravitz a Missy Elliott (Superbowl 2015) sowéi dem Jimi Hendrix säi Gig wärend dem Woodstock-Festival 1969.