De Robert Brandy gëllt hei zu Lëtzebuerg als ee vun de bedeitendste Kënschtler vu senger Generatioun. Zanter 50 Joer ass hien elo schonn aktiv.

An de 70er Joren hat hie sech dozou entscheet, seng Leidenschaft zum Beruff ze maachen an huet mat der Zäit seng ganz eege plastesch Sprooch entwéckelt, där hie bis haut trei bliwwen ass. Mat der Ausstellung „Robert Brandy face à lui-même“ kuckt den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht den Ament op seng 50 Joer laang Karriär zeréck.

De Robert Brandy ass bekannt fir säi Spill mat der Leinwand an hirer Rumm, mat Objeten, Formen a Faarwen.

Vu senger sougenannter wäisser Period Enn de 70er Jore bis hin zu de groussformatege Wierker mat kräftege Faarwen – seng Konscht huet permanent evoluéiert. D'Ausstellung "Robert Brandy face à lui-même" léisst de Visiteur, ma och de Kënschtler selwer op en halleft Joerhonnert vu sengem kënschtleresche Schafen zeréckkucken.

RTL

Dee Lëtzebuerger Kënschtler huet a senger Karriär mat deene verschiddenste Konschttechniken, Motiver a Leinwandkonstruktiounen experimentéiert. Dobäi sinn déi ënnerschiddlechste Kreatiounen erauskomm. An all Wierk awer erkennt een dem Brandy seng grouss Leidenschaft fir d'Molerei.

De Robert Brandy huet erreecht, wouvun hie scho fréi gedreemt hat. Hien huet seng Leidenschaft zum Beruff gemaach a kann haut a sengem Land vu senger Konscht liewen.

Nach bis den 28. November kann een am MNHA, unhand vu ganzer 71 Wierker, duerch dem Robert Brandy seng ganz perséinlech Konschtgeschicht reesen.