Mir blécken zréck op den Hype ronderëm de granzegen Inspekter Capitani a kucken, wat dee Succès fir Produzenten an Acteure bedeit.

Den Optakt vun der 2. Saison mat Capitani-Fans

Am Kader vun der Weltpremière vun der zweeter Staffel vun der Erfollegsserie Capitani hate mer op RTL en Opruff gemaach, dass ee sech kéint bei eis mellen, fir ze soen, firwat ee sou e grousse Capitani-Fan ass a wou een déi éischt Episod kucke wäert. Honnerte Leit hunn do matgemaach, ënnert anerem d'Nathalie Atten, déi mat hirer Famill doheem gespaant virun der Tëlee souz, fir och nëmme keng Sekonn Capitani ze verpassen. Mir hunn d'Famill doheem besicht an haten och eng gréisser Iwwerraschung fir dobäi.

Capitani Saison 2 zesumme mat engem Fan
Am Kader vun der Weltpremière vun der 2. Staffel vun der Krimi-Serie konnt ee sech bei eis als Capitani-Fan mellen.

Serie "Kuerz a knapp" mam Joe Dennewald

An an eiser Serie "Kuerz a knapp" vum Loïc Juchem léiere mir den Hobby-Acteur Joe Dennewald kennen. Och wann et nëmmen e kuerzen Optrëtt bei der zweeter Staffel vu Capitani ass, en ass awer mat dobäi. De Brigadier Mores gespillt vum Joe Dennewald. Hie war an der éischter Saison am Ufank mol direkt gutt vum Capitani ëmgebootscht ginn. An hat deemools souguer seng Aarbechtsplaz gekënnegt, fir déi Roll ze kréien.

"Kuerz a knapp" mam Joe Dennewald
An eiser Serie "Kuerz a knapp" stelle mir prominent Gesiichter an engem kuerzen Interview vir.

Déi éischt zwou Episode vun der zweeter Staffel Capitani lafen um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg a vun 21 Auer u kënnt Dir se am Replay op RTL Play kucken. Vun en Dënschdeg u gëtt et dann all Woch nom Journal vun 20 Auer un zwou Episode vun der neister Saison.

Dës Kéier enquêtéiert de Luc Capitani am Garer Quartier.