Zënter 2017 stinn d'Uergel-Téin an den Uergel-Bau op der Lëscht vum Patrimoine Immatériel vun der Unesco.

Ganz bekannt a spektakulär Exemplare fënnt een an der Kathedral Notre-Dame zu Paräis oder zu Atlantic City, wou een der weltwäit gréisster Uergel kann nolauschteren. Fir zu der Kategorie "Kinnigin vun den Instrumenter" ze zielen, geet eng Nummer méi kleng awer och duer! An dofir gëtt déi symphonesch Uergel aus der Stater Kathedral och minutiéis renovéiert a Stéck fir Stéck nees opgeriicht.

Dat hei si keng Téin vun der Haupt! Well bal zwee Joer schonn un hirem Relooking gezeechent, geplangt a geschafft gëtt - d'Uergel mécht eng Verjéngungskuer an de Vorarlberger Bierger. Eng bis op de Fong: d'Uergelbauer schleefe en hallwe Moien un hir a bauen d'Deeler dann zesummen. Bis an d'nächst Woch eran dauert dat. Wa se bis steet, spillt se nees fir ganz laang, gëtt versprach an dofir wieren déi 2,5 Milliounen och net vu Muttwëll.

"Et ass eng komplizéiert Maschinn! Eng Uergel gëtt jo och d’Kinnigin vun den Instrumenter genannt, an dat ass net vu feel! Et sinn dausende vu Päifen dran, et ass en Entretien dee muss gemaach ginn… wann ee gär eng schéin Uergel hätt a schéi Musek, da muss ee schonn e bësse Suen an d’Hand huelen. Dat ass elo net iwwerdriwwen, et ass och keen extreme Luxus. Deels gëtt erneiert an deels ginn d’Materialien, déi do waren, zréckgeholl. Handwierk ass wäertvoll", esou de Gérard Kieffer, Responsabel fir d'Kommunikatioun vun der Kathoulescher Kierch.

Enn den 30er Jore gouf d’Instrument, gebierteg vu Lëntgen, an der Stad opgeriicht - gebaut an der Uergel Manufaktur vum Georges Haupt, war si déi modernst Kierchenuergel. Spillen deet se nach esou bal nach net - uviséiert - net d’Oktav mee den 1. Advent.

Mee dann, op eemol, gespenstesch a liicht onheemlech Téin… "Do ginn, sou wéi ech dat verstanen hunn, vun der Madamm, déi hei schafft... do si Päifen, déi ginn ageschafft, do kritt een nom aneren d’Loft, dat gëtt automatesch gesteiert, et ass net méi wéi fréier, wou een huet missen d’Uergel spillen, dat kann een alles elektronesch steieren… si maachen och hir Elektronik selwer, de Rieger", erkläert den Nico Klein, deen d'Kathedralsuergel spillt.
Weder Helleger, nach Geeschter sinn hei also esou monoton onmusikalesch… d’Renovéierung an d’Nees-Oppriichte vu der Haupt-Uergel geschitt ënnert der Leedung vu passionéierte Profie vun internationaler Renommée! All Uergel wier eppes Extraes, egal wat d’Origine vun dësem Instrument sinn…

"Die war eigentlich mehr zur römischen Zeit für die Unterhalung und ist dann irgendwann in die Kirche gewandert, als Musikinstrument. Die war aber damals eigentlich vom Papst her mehr verpönt. Darum hat man auch in Norddeutschland eione sehr gute Orgellandschaft – die haben früher angefangen Orgel zu bauen", erkläert d'Lena Raffler, Orgelbauerin aus Vorarlberg.

A wäertvoller Handaarbecht gëtt se restauréiert, d’Stater Haupt; den hënneschten Deel steet, dat ass d’Hallschent, da gëtt se gestëmmt – mir si gespaant op de Sound, um 1. Advent, an der Kathedral!