232.000 Leit hunn déi zweet Staffel vu „Capitani“ op RTL gesinn
44% vun allen Awunner iwwer 16 Joer hunn zënter Februar d’Fortsetzung vun der Krimiserie op der Télé oder an den digitale Medie vun RTL verfollegt.
Et ass en neie Rekord: 44% vun allen Awunner iwwer 16 Joer hunn zënter Februar d'Fortsetzung vun der Krimiserie op der Télé oder an den digitale Medie vun RTL verfollegt. Dat ass eng Progressioun vun 42% zu der éischter Staffel.
Am September 2019 ass déi éischt Episod vun der Krimiserie "Capitani" op RTL Télé Lëtzebuerg gewise ginn. D'Land huet deemools Bekanntschaft gemaach mam Inspekter Luc Capitani an der jonker Polizisten Elsa Ley, gespillt vum Luc Schiltz an dem Sophie Mousel.
Schonn a kuerzer Zäit sollt de "Capitani" zu Lëtzebuerg Kultstatus kréien a Rekordzuele schreiwen. Deemools war an Zäit vu just e puer Méint den Numm "Capitani" méi wéi der Hallschent vun der Bevëlkerung zu Lëtzebuerg e Begrëff ginn, 158.000 (*) Leit iwwert 16 Joer (31%) haten op d'mannst een Episod vun der Serie op RTL gesinn. Knapps ee Joer duerno hat "Capitani"och den internationalen Duerchbroch gepackt an hat sech op Netflix an enger ganzer Rei Länner wärend Wochen op Nummer 1, respektiv an den Top 10 vun de Streame placéiert.

Et gouf deemno mat vill Spannung op déi zweet Saison vu "Capitani" gewaart, och well séier bekannt war, dass d'Auteuren de ländleche Raum géife verloossen an déi Staffel sech géif op der Stater Gare ofspillen. D'Saison 2 vu Capitani hat hir Première dënschdes den 22. Februar an ass duerno am Wochentakt bis den 29. Mäerz op RTL Télé Lëtzebuerg diffuséiert ginn.
D'Conclusioune vun der Ilres-Etüd sinn eendeiteg: d'Beléiftheet an d'Bekanntheet vu "Capitani" sinn enorm a sinn esouguer mat der zweeter Staffel vun der Krimiserie nach eng Kéier e gutt Stéck geklomm.
Ganz virop, de Bekanntheetsgrad vu "Capitani": deen ass vu 56% no der éischter Staffel op elo 94% (**) an d'Luucht gaangen. Dat heescht, dass no der zweeter Staffel just nach 6% zu Lëtzebuerg näischt mam Begrëff "Capitani" unzefänke wëssen.
D'Zuel vu Leit, déi "Capitani" gekuckt hunn, ass vun där éischter op déi zweet Staffel ëm 42% op 232.000 (**) Spectateuren iwwert 16 Joer geklomm. Do stécht virun allem den Taux vu Leit eraus, déi d'Krimiserie live op der Télé gekuckt hunn. 39% (**) vun der Populatioun hunn en Deel oder all Episoden dënschdes owes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg gekuckt, dat waren 2019 nach 29% (*).

Wien en Episod verpasst hat, huet vun der Offer op RTL Play profitéiert (38% (**)) oder vum Replay op der Televisioun bei den Operateuren (24% (**)). 7% vun der Populatioun huet "Capitani" exklusiv op der Télé gekuckt, 4% exklusiv um Internet, de groussen Deel (33%) awer huet souwuel op der Télé, wéi op RTL Play gekuckt.
Wann ee schlussendlech nach de Profil vun de Spectateure vu "Capitani" kuckt, fält engem op dass déi zweet Staffel proportionell méi jonk Leit ugeschwat huet: iwwert d'Hallschent vun de Leit tëscht 16 a 34 Joer (54%) hunn d'Krimiserie op RTL gesinn, 135.000 Spectateuren haten ënnert 45 Joer.
Ob de Succès vun där zweeter Staffel och genee sou grouss op Netflix gëtt, dat wäert sech méi spéit am Joer erausstellen.
All Episode vun der zweeter Saison vu "Capitani" kann een nach bis den 12. Juni am Replay op RTL Play kucken.
(*) TNS Ilres, 778 Interviews 16+, Februar 2020
(**) TNS Ilres, 780 Interviews 16+, Mee 2022