De Rechnungshaff huet a sengem Spezialrapport eng Rei Problemer beim Filmfong confirméiert.

Um Niveau vun der Gouvernance hätt den Direkter eng besonnesch confortabel Positioun an deem Etablissement public, wat esou vill heescht, ewéi dass den Direkter vill Decisioune ganz eleng huele kann. Dat gëllt och um Niveau vun de Finanzen. D'Cour des Comptes recommandéiert dofir, de Prinzip vun der duebeler Ënnerschrëft anzeféieren - virun allem, wann et ëm gréisser Zomme géif goen.

De Rechnungshaff präziséiert an engem Communiqué awer explizitt, dass et an der Logik vum aktuelle Gesetz iwwer de Filmfong ass, dass den Direkter esou vill ze soen huet. 2014 gouf et nämlech e Paradigmewiessel.

Ënnert anerem goufe mam neie Gesetz och déi sougenannt Certificate fir audiovisuell Investissementer ersat duerch en anere System, wou direkt Subventioune fir Filmprojete verdeelt ginn.

Méiglech Irregularitéite beim Filmfong ginn zanter Joren an der Presse – och hei op der Antenn – souwéi an der Politik thematiséiert.

Am November 2019 hat de Budgetskontrollkommissioun an der Chamber de Rechnungshaff domat beoptraagt, e Spezialrapport iwwer de Filmfong ze maachen.

Dee läit wéi gesot elo vir a gouf e Méindeg de Mëtteg och an der Kommissioun an der Chamber presentéiert.

D'Deputéiert vun Oppositioun a Majoritéit hu sech dofir ausgeschwat, d'Gesetz iwwer de Filmfong op de Leescht ze huelen.

D'Presidentin vum Verwaltungsrot Michèle Bram an den Direkter Guy Daleiden, deen zanter 1999 op deem Posten ass, ginn iwwerdeems an d'Budgetskontrollkommissioun invitéiert, wéi d'Presidentin vun der Kommissioun, d'Diane Adehm vun der CSV, annoncéiert huet.

Den zoustännege Minister Xavier Bettel hat sech schonn am Wanter 2019 oppe dofir gewisen, Ännerungen um Gesetz virzehuelen.

Sollt dat geschéien, proposéiert d'Cour des Comptes, dass am neien Text präziséiert gëtt, dass de Filmfong reegelméisseg vun der Cour kann ënnert d'Lupp geholl ginn. Esou wéi dat fir vill aner ëffentlech Etablissementer de Fall ass.

De Rapport vun der Cour des Comptes fannt Dir hei: