Fir hir Partnerschaft ze stäerken an d'Entwécklung vu Projeten z'encouragéieren, déi iwwert den nationale Fernseesender gewise ginn, lancéieren de Film Fund Luxembourg an RTL Lëtzebuerg zesummen zwee Opriff, déi sech u Produzenten, Realisateuren, Zeenaristen an all aner Filmschaffend zu Lëtzebuerg riichten.

Zanter 2011 schaffen RTL Lëtzebuerg an de Lëtzebuerger Filmfong zesumme fir d'Entwécklung, d'Koproduktioun an d'Diffusioun vun TV-Konzepter a Formater zu Lëtzebuerg ze promouvéieren. Aus dëser Zesummenaarbecht sinn an deene leschte Joren eng Rei erfollegräich Serië wéi Weemseesdet, Come Back, Zëmmer fir ze lounen, routwäissgro, Capitani souwéi de Jugendprogramm Kannativi entstanen.

Déi fënnef Projeten, déi 2022 am Kader vum leschten Opruff ënnerstëtzt goufen, sinn aktuell an der Entwécklung. Ënnert dëse 5 Projeten ass ënnert anerem déi historesch Krimi-Serie "Marginal", déi vum Frédéric Zeimet, Jonathan Becker a Katia Lanero Zamora geschriwwe gouf. Am Mäerz 2024, fänkt den Tournage, (eng Produktioun vu Samsa Film), ënnert der Leedung vum Regisseur Loïc Tanson, un.

1. Opruff fir en "Transmedia" Projet an / oder e Webserie-Projet

De Projet "Transmedia" muss mindestens zwou verschiddene Kategorie vu Medien oder Plattformen enthalen (Televisioun, Streaming Plattform, sozial Netzwierker, Internetsäiten, Ausstellungen, Radio a Podcasts). All Kategorië ginn ugeholl. De Projet soll d'Participatioun an d'Interaktioun mam Public encouragéieren. D'Haaptiddi soll sech wéi e roude Fuedem duerch déi verschidden Deeler vum Projet zéien.

De Webserie-Projet kann all Kategorie bedéngen an egal wéi eng Dauer hunn. De Projet ka mat engem "Transmedia"-Aspekt ergänzt ginn.

2. Opruff fir eng Documentaire-Serie vun engem Kollektiv

Dësen Opruff ass fir e Kollektiv, deen aus verschiddene Regisseure besteet, fir zesummen eng Serie vun Dokumentarfilmer ze kreéieren. All Zort vun Dokumentarfilmer ginn ugeholl. All Dokumentarfilm soll an een Episod passen. All Episod muss ofwiesselend vun engem anere Regisseur geschriwwen a produzéiert ginn. D'Dauer vun den Episode ka 26 an/oder 52 Minutte sinn.

Eligibilitéitskrittären

All d'Projete sollen d'Diversitéit vun der Lëtzebuerger Gesellschaft reflektéieren.

  • Fir de Projet "Transmedia" muss d'Haaptsprooch Lëtzebuergesch sinn (Ënnertitelen op Franséisch an Englesch sinn optional).
  • Fir de Projet vun der Webserie kann d'Haaptsprooch entweder Lëtzebuergesch, Franséisch oder Englesch sinn (Ënnertitele sinn optional).
  • Bei der Documentaire-Serie muss d'Haaptsprooch Lëtzebuergesch sinn. Interviewe kënnen an der Originalsprooch mat lëtzebuergeschen Ënnertitel sinn (franséisch an englesch Ënnertitele sinn optional).

All Dossier muss folgend Elementer enthalen:

  • Beschreiwung vum Konzept/Format,
  • Fir de Projet "Transmedia": eng Beschreiwung vun de verschiddene Plattformen an der Interaktioun tëscht deene Plattformen,
  • Fir de Webserie-Projet: d'Veraarbechtung vun engem Pilot-Episod (de Pilot-Episod als ausgeschafften Zenario ass optional),
  • Fir d'Documentaire-Serie: eng detailléiert Beschreiwung vun engem Episod (+/- 5 Säiten),
  • Produktiounsopwand
  • Virleefege Budget
  • Propositioun vun engem Titel.

Delai a Formalitéite fir d'Areechungen

Fir all Dossier muss eng Kopie un office@filmfund.etat.lu an secretariat@rtl.lu geschéckt ginn. 4 Exemplare musse per Post op folgend zwou Adresse geschéckt ginn:

Film Fund LuxembourgRTL Lëtzebuerg
Sarah Bamberg Steve Schmit
Mention "Appel FFL-RTL"Mention "Appel FFL-RTL"
5, rue Plaetis43, boulevard Pierre Frieden
L-2338 Luxembourg L-1543 Luxembourg

Deadline fir d'Aschécke vun den Dossieren: 19 Abrëll 2024