Klackespill zu Iechternach spillt "Fighter"

© Privat
Zu Iechternach ass all zweete Mëttwoch um 11.05 Auer e Concert vun enger Stonn, wou d'Leit zu Iechternach a ronderëm dem Klackespill vun der Basilika kënnen nolauschteren.
E User huet eis an der Mëttegstonn e Video geschéckt. Mir hunn d'Anna Kasprzycka, eng polnesch Musekerin, kontaktéiert a nogefrot, wisou si um Mëttwochmoien "Fighter" vum Tali gespillt huet.
De Song hätt hir vun Ufank u gutt gefall, geprouft huet si d'Stéck scho méi laang, dass Lëtzebuerg en Dënschdeg de Sprong an d'Finall gepackt huet, wier elo e Bonus.

© Privat
"D'Klackespill vun der Basilika gehéiert de Leit, déi hei liewen. Dofir spillen ech fir si. Fir déi, wou hei liewen, an déi, wou op Besuch kommen." Dobäi kéim, dass ee keen Ticket bräicht a virun allem d'Leit op der Maartplaz gär nolauschteren.
Et ass e sougenannte "Carillon", dat heescht, datt d'Klackespill mat Féiss an Hänn gespillt gëtt. D'polnesch Musekerin erzielt, dass d'Léiere vun dëser Technik Joren dauert an ee sech net einfach kéint Plaz huelen a lassleeën.
Um Dag virum Europadag hätt alles am Zeeche vun dësem gestanen. Musek aus Lettland, Däitschland an Holland ass iwwer Iechternach ze héiere gewiescht. Den Ofschloss vum Concert war "Fighter" vum Tali.
Fir d'Finall wënscht d'Ana dem Tali: "Go for it Lëtzebuerg!"