De Lëtzebuerger Auteur Pierre Joris ass gestuerwen
Traureg Nouvelle aus der Lëtzebuerger Literaturzeen: Den Auteur Pierre Joris ass gestuerwen.
De Schrëftsteller, deen zanter Joren an den USA gelieft huet, ass an der Nuecht op e Mëttwoch am Alter vun 78 Joer zu Brooklyn verscheet.
De Pierre Joris gouf zu Stroossbuerg gebuer an ass zu Ettelbréck grouss ginn. Séier huet et hien awer an d'Ausland gezunn an 1967 ass en eng éischte Kéier an d'USA gereest. 20 Joer méi spéit huet et hien dunn, nodeems en zu London an an Algerien gelieft huet, zréck op New York gezunn, wou hien och bliwwen ass.
2016 huet de Pierre Joris schlussendlech och d'duebel Nationalitéit ugeholl, fir géint den Donald Trump ze wielen. Politesch a kritesch huet de Schrëftsteller, Dichter an Iwwersetzer sech och ëmmer a senge Wierker ausgedréckt. De Begrëff “Nomad” gouf dacks benotzt, fir iwwert de Pierre Joris ze schwätzen.
E Nomad tëscht de Sproochen an de Kulturen. Och wann hien haaptsächlech op englesch geschriwwen huet, hunn och sëllegen aner Sproochen eng Roll a senger Aarbecht gespillt. D‘Lëtzebuerger Sprooch mee och d’Kultur fënnt een och op ënnerschiddleche Manéieren a sengen Texter erëm.
2020 ass de Pierre Joris fir säi Liewenswierk mam Batty Weber Präis ausgezeechent ginn.
Zesumme mat senger Fra, der franséischer Kënschtlerin Nicole Peyrafitte, huet hien och dacks a Kollaboratioun geschafft. 2021 hunn si gemeinsam an enger Expo an der Galerie Simoncini hei zu Lëtzebuerg ausgestallt.