Hiert Buch sollt guer kee Roman ginn
Siwe Joer huet d'Anne-Marie Reuter un hirem Roman "M for Amnesia" geschriwwen, ma dee war ugangs guer net als Roman geplangt.
Hir Passioun fir d’Schreiwen huet si vu klengem u begleet. Schonn als Kand huet si Tagebicher geschriwwen, dat huet sech dann a Form vun Notizzen evoluéiert, bis si op der A-Sektioun am Lycée ugefaangen huet, Gedichter ze schreiwen.
Nach ëmmer huet si d’Gewunnecht, hir Gedanken an Notizze festzehalen. An esou ass hire Roman "M for Amnesia" entstanen.
D’Buch war als Sammlung vu Kuerzgeschichte geplangt. "Wou an all Kuerzgeschicht awer deen nämmlechte Personnage virkënnt, oder déi nämmlecht Personnagë virkommen an dann dréit dat esou am Krees. Am Endeffekt war dat immens komplizéiert an do sinn ech mir iergendwa bewosst ginn, ech maache mir d’Liewen onnéideg komplizéiert. An et huet e ganz gudde Frënd eng Kéier gesot: 'Du muss einfach akzeptéieren, du bass amgaang e Roman ze schreiwen’,” esou d’Anne-Marie Reuter.
D’Buch gouf vu Black Fountain Press publizéiert, dat ass den éischten englesche Verlag zu Lëtzebuerg. Do ass d’Anne-Marie Reuter Co-Fondatrice; dat war am Joer 2017.
An hirem Buch suivéiert de Lieser d’Millie an d’Melissa, déi zwou Protagonistinnen, déi e Liewen am Klimawandel, sozialer Ofgrenzung a wëssenschaftlecher Kontroll navigéieren. Et geet ëm déi eegen Identitéit an d'Connectioun tëscht deenen zwou Fraen. D’Anne-Marie Reuter schafft als Engleschproff am Lycée Robert-Schuman.