"Oishii" ass dat japanescht Wuert, dat d'Hotelschülerinnen dacks ze héiere kréien
"Si si ganz begeeschtert vun eisem lëtzebuergeschen Iessen", seet d'Moriah, dat an der Hotelschoul op enger Sektioun Gestion de l'Hospitalité ass.
Am Lëtzebuerger Pavillon ass hatt den Ament eent vun zéng Hotelschoul-Schülerinnen a -Schüler, déi dacks den éischte reelle Kontaktpunkt tëscht Japaner a Lëtzebuerger sinn. Et kéint een deemno dës Jonker scho wéi eng Aart Ambassadeure vum Grand-Duché bezeechnen. Virun hirem Stage krute si Japaneschcoursen an hu kulinaresch Wierder wéi och d’Fachbegrëffer am Service op Japanesch geléiert.
"Mëttlerweil kann ech schonn déi normal Basics, dass ech och komplett op Japanesch mat de Clientë schwätzen, well hinnen d’Englesch awer schwéier fält, an ech mierken, dass et ëmmer besser geet. Dass ech hinnen d’Liewe ka méi einfach maachen an dat ass natierlech dat, wat ee wëll", seet d’Moriah.
Och wann d’Kommunikatioun fir déi Jonk eng Erausfuerderung ass, wier déi Haaptfro, déi déi japanesch Visiteure stellen: "Wat ass typesch Lëtzebuergesch a wéini iesst der et?", seet den Alain Hostert, deen Enseignant ass an der Hotelschoul EHTL. Mat Hëllef vun Iwwersetzer, déi am Pavillon d’Visiteure begleeden, kéint een dann d’Geschicht ronderëm déi verschidde Platen erklären.
"Mir kréien direkt de Feedback vun de Leit. Si komme bei eis an et gëtt ee Wuert, dat mer ganz gären héieren an dat ass “Oishii”, lecker am Fong, D’Leit hunn hei wierklech d’Tendenz laanschtzekommen an och ze soen, wann et hinne geschmaacht huet, fir Bescheed ze soen, dass si domat zefridde waren. Da kritt een e grousst Laache vu Leit, déi ganz reservéiert sinn. Da kënnt en Oishii dobäi an dann geet e Laachen zeréck an da si mer déck zefridden.", seet den Alain Hostert.
Um Menü am Lëtzebuerger Pavillon sti Gromperekichelcher, Grillwurscht, Brioche mat Roastbeef an enger Feierstengszalotenzooss an e Burger no Lëtzebuerger Aart. 400 Grillwurschte gi pro Dag am Pavillon verkaf an eng 300 Macaronen an de Faarwe vum Lëtzebuerger Fändel ginn all Woch ugebueden. D’Macarone wieren dacks no den éischten zwee Deeg ausverkaaft. Ofwiesselend ginn all Woch d’Desserte vu 6 Patissieren aus dem Grand-Duché ugebueden, déi awer zu Osaka produzéiert ginn.
An der Emissioun Gusto de Sonndeg dréint sech alles ronderëm d’Iessen am Lëtzebuerger Pavillon an allgemeng a Japan.